Search

You may also like

Bréissel: Aarbechterpartei PTB fuerdert Neiwahlen
Neiegkeeten

Bréissel: Aarbechterpartei PTB fuerdert Neiwahlen

Bei eise belschen Noperen ass d‘Opstelle vun enger federaler Regierung

dislike
Den US-President wëll de Palestinenser d‘Finanze kierzen
Neiegkeeten

Den US-President wëll de Palestinenser d‘Finanze kierzen

En Dënschdeg huet den Donald Trump domatter gedréit, d‘US-Finanzhëllef fir

Zeréck an d’Fifties: Rockabilly Party am CAPE
Neiegkeeten

Zeréck an d’Fifties: Rockabilly Party am CAPE

Bal all Joers am Fréijoer organiséiert de CAPE en Danzowend mat

Egalitéit an Diversitéit bréngen eis Gesellschaft virun – an och de CGDIS!

Egalitéit an Diversitéit bréngen eis Gesellschaft virun – an och de CGDIS!

Dofir war et der Inneministesch Taina Bofferding wichteg, dass de CGDIS bei den Actions positives vum Ministère de l’Égalité entre les femmes et les hommes – Luxembourg matmécht. D’Kim Thiry, Beruffspompjee, gëtt Iech en Abléck doranner, wéi hatt säi Beruff gesäit, an de Claude Frantzen, Direkter vun den Humanressource a Finanze beim CGDIS, erkläert, wéi de CGDIS – Corps grand-ducal d’incendie et de secours méi Frae fir de Beruff begeeschtere wëllt!

Haut op der „Journée internationale des droits des femmes“ besetzen am #CGDIS 6 Fraen, dorënner 3 fräiwëlleg Pompjeeën, 1 haaptberuffleche Pompjee an 2 Offizéier, den éischten Tankwon vum CIS Luxembourg. D’Anne, Tessy, Nathalie, Gwen, Catherine an d’Annick stinn esou de ganzen Dag bereet zu all Moment erauszefuere fir do ze hëllefe wou si gebraucht gi.

D’#JournéeDesDroitsDesFemme steet dëst Joer ganz ënnert dem Thema „Leadership féminin: Pour un futur égalitaire dans le monde de la Covid-19“. Passend dozou wëlle mir alle Fraen an de Reie vum CGDIS Merci soen ob fräiwëlleg oder haaptberuffleche Pompjee, administrativ oder medezinescht Personal, fir hiren dagdeeglechen Asaz. Zemools och elo zu Zäite vun der weltwäiter Pandemie beweisen si all Dag, dass et am Engagement fir d’Allgemengheet scho laang keen typesche Männerberuff oder Beruffung méi gëtt.

De CGDIS zielt zur Zäit ënner anerem:

  • 41 Fraen ënnert den haaptberufflech Pompjeeën;
  • 727 Fraen ënnert de fräiwëlleg Pompjeeën;
  • 94 Fraen am administrativen a medezinesche Beräich;
  • Am ganze maachen d’Frae 17,62 % vun de Membere vum CGDIS aus.

Matgedeelt vum Inneministère an dem CGDIS

Foto: © CGDIS

Related topics CGDIS, Internationale Fraendag, Politik
Next post Previous post