Search

You may also like

Editorial: Flavio… iert et zur Erpressung kënnt, ass et besser du gees
Neiegkeeten

Editorial: Flavio… iert et zur Erpressung kënnt, ass et besser du gees

Gutt datt ech mech schonn eng kéier mam Beholl vum

Sexuelle Mëssbrauch u Kanner: Täterprophylaxe ass Opferschutz
Neiegkeeten

Sexuelle Mëssbrauch u Kanner: Täterprophylaxe ass Opferschutz

Am Kader vum Safer Internet Day 2020 huet de Kanner-Jugendtelefon

Sozialplang bei Mahle / Mahle-Behr
Neiegkeeten

Sozialplang bei Mahle / Mahle-Behr

De 6. November waren d‘Gewerkschafte LCGB (Majoritär) an OGBL vun

CGDIS: Feierlech Iwwerreechung vun de Graden

Manner wéi ee Joer no der Entstehung vum Corps Grand-Ducal d’Incendie et de Secours (CGDIS) konnt, mat der Iwwerreechung vun de Graden un d’Personal, ee weidere Schrëtt zur Vereenegung an d’Fërderung vun de Membere gemaach ginn.

Bis ewell ginn et verschidden Typpen u Graden. Bei enger vun den 12 Zeremonien, déi an dësem Mount op verschiddene Plazen am Land stattfonnt hunn, kruten um vergaangene Freideg souwuel Fräiwëlleger, wéi och dat professionellt Personal offiziell vum CGDIS hire Grad iwwerreecht.

Bei all Evenement war ee Representant vun der Generaldirektioun an dem Conseil d’Administration dobäi, déi sech un d’Pompjeeën adresséiert hunn, fir hinnen ee grousse Merci fir hiren Engagement am Service fir d’Bevëlkerung auszedrécken. Donieft ass och hiren informative Wäert gelueft ginn.

Als Belounung fir hire Courage kruten zwee Pompjeeën ee spezielle Bréif vun der Generaldirektioun vum CGDIS. Duerch hiert virbildlecht a professionellt Verhale bei der Explosioun um Waldhaff um 14. Februar 2019 haten si sech des Belounung méi wéi verdéngt.

Mir gratuléieren!

Related topics CGDIS, Explosioun, Graden, Gratulatioun, Pompjeeën, Waldhaff
Next post Previous post