Search

You may also like

Pipo Peng: Wat ass giel a schéisst?
Neiegkeeten

Pipo Peng: Wat ass giel a schéisst?

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Verwirrung iwwert d‘Hierkonft vun den Affer
Neiegkeeten

Verwirrung iwwert d‘Hierkonft vun den Affer

Am Fall vun den 39 Läichen déi an engem Container

Ee „Vive“ fir de Charel
Neiegkeeten

Ee „Vive“ fir de Charel

Haut um Samschdegnomëtten ass de Prënz Charel, als éischtgebuerene vun

CGDIS: Keen huet behaapt et géif einfach ginn

Mat der grousser Reform vun de Rettungsdéngschter war gewosst datt et zu Spannunge komme géif

CGDIS: Keen huet behaapt et géif einfach ginn

Am Dezember huet den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement, a senger parlamentarescher Fro (1462) d‘Inneministesch op eng Rei Doleancen a Suerge säitens de Fräiwëllege Pompjeeën, missen opmierksam maachen. Et géif Problemer an Punkto „Hierarchie“ an och mat der Aart a Weis wéi engem dat bannenzegt an dat operationellt Reglement virgeluecht gouf, wier een onzefridden.

Zwee Reglementer op 220 Säiten an engem esou technesche Franséisch, datt een eigentlech net mat guddem Gewëssen „gelies an zougestëmmt“ konnt drënner schreiwen. De Sven Clement zitéiert hei awer a senger Fro, och de Vizepresident vum CGDIS dee sech zum Thema an der leschter Ausgab vum „Lëtzebuerger Pompjee“ geäussert huet:

„Nodeems Walziedele verschéckt goufen, ass eng gewëssen Oprou opkomm wéinst der Ënnerschreift mat dem Vermierk ‚lu et approuvé‘ dat sech op Dateschutzgesetz soll bezéien. Domadder ass ee jo averstanen, awer wann et sech em Reglementer bezitt wéi dat och um Formulaire steet esou muss een dat relativéiere wëll mat dem schreiwe vu ‚lu et approuvé‘ ee bezeechent 220 Säiten administrativ franséisch gelies ze hunn a verstanen ze hunn. Deem kënne mir als Verband net zoustëmme wëll vill Fräiwëlleger ‚dat klenggedréckten‘ beim liesen iwwersinn hunn.”

Zudeem stellt den Deputéierte fest, datt: „Wei et aus Kreesser vum CGDIS heescht, goufen déi eenzel Fräiwëlleg bis ewell a kengster Weis géigeniwwer dem CGDIS verflicht Oder wéi déi haaptberufflech ‚vereedegt‘. Et schéngt, wéi wann hei schnell huet wollten agéiert ginn, fir eng Lacune, déi kengem opgefall war, séier aus dem Wee ze schafen“.

Et brauch eppes Zäit a vill Versteesdemech

Aus der Äntwert vun der Inneministesch geet ervir, datt ee sech am Ministère duerchaus bewosst ass, datt d‘Zounam vun de Beruffspompjeeë fir jiddereen e grousse Changement bedeit huet an et natierlech och eppes Zäit brauch bis dat alles iwwerwonnen ass. Villes ass net wierklech nei, mee ganz kloer anescht. Esou schreift d‘Taina Bofferding:

„datt kloer Hierarchien de Garant vun engem erfollegräichen Asaz sinn. Nëmme wa jiddereen seng Aufgaben a seng Verantwortung kennt, kann d’Zesummespill vu ville Kräfte beim Asaz funktionéieren. D’Feele vun enger klorer Hierarchie war iwwregens eng vun de Kritiken um deemolege System am Rapport vun den Experte fir d’Reform vun de Rettungsdéngschter am Joer 2010“.

D‘Taina Bofferding preziséiert zudeem: „An enger moderner Organisatioun wéi dem CGDIS soll awer en Ënnerscheed gemaach ginn tëscht dem Féierungsstil am Asaz, dee sécher méi autoritär muss sinn, a méi engem kollaborative Féierungsstil am Alldag“.

Zanter 2015 huet den CGDIS d‘Missioun sech fir ee gutt Zesummeliewen tëscht de Fräiwëllegen an de Beruffspompjeeën anzesetzen. Vill Beruffspompjeeën hätten uechter d‘Land déi Fräiwëlleg an de Kasäre verstäerkt, an et géif alles dru gesat, eng „géigesäiteg“ Integratioun méiglech ze maachen. Dat geet awer net iwwer Nuecht, schliisslech ass een och als Pompjee fir unzefänke: Mënsch.

Sech op Aenhéicht begéinen

Wat déi ugeschwate Reglementer betrëfft, esou wier et sécherlech wënschenswäert gewiescht déi verständlech a méiglechst op lëtzebuergesch ze verfaassen. Schliisslech promouvéiere mir mat vill finanziellem Engagement déi Lëtzebuerger Sprooch. Et wäert wuel ganz wichteg Grënn hunn, firwat dat internt an den operationellt Reglement op franséisch verfaasst ginn ass.

Elo ass et eng Obligatioun vum CGDIS seng Memberen (also och déi Fräiwëlleg) iwwert all Ännerungen am Bezuch op hir Rechter a Flichten hinzeweisen. D‘Inneministesch stellt weiderhi fest, datt dës Dokumenter virum Akraafttriede vum CGDIS (operationell) ausgeschafft goufen, an dat an enker Ofsprooch mat der Pompjeesfederatioun, dem Comité vun der Protex, esou wéi och mat den benevolle Regionalinspekteren.

Déi meeschten Dispositioune sinn iwwerholl a mat neien Artikelen erweidert ginn. Informatiounen, déi vun al Zenterchef u seng Membere weidergeleet goufen. Zudeem si vill Themen am Kader vun de periodesche Sëtzungen tëscht den Zone-Cheffen an Zentercheffen diskutéiert ginn. Doriwwer eraus sinn all dës Texter um Internetsite vum CGDIS accessibel. Et soll awer och eng Pabeier- Ausgab ginn, déi a kierzt un d‘Membere verdeelt wäert ginn.

Wat den Dateschutz betrëfft esou stellt d‘Ministesch fest: „Beim Thema Dateschutz war et de Wonsch vun der Pompjeesfederatioun, d’Leit net direkt bei der Integratioun vun hiren Donnéeën ëm hiren Accord ze froen, esou wéi et initial geplangt war. Elo wou d’Leit all am CGDIS integréiert sinn an hir Donnéeën an d’Datebanken agedroe goufen, huet d’Direktioun hinnen déi Informatiounen zwecks Kontroll an Accord zougestallt. An deem Kontext ass och de ‚Lu et approuvé‘ ze gesinn, dee sech op de Formulaire mat hiren Donnéeë bezunn huet, a net op d’Reglementer“.

Generell dierf nach festgehale ginn, datt de CGDIS beméit ass, jidderee gläich ze behandelen, egal ob Beruffspompjee oder Fräiwëllegen. Dat gëllt och besonnesch fir déi ënnerschiddlech Graden. Datt dat awer alles seng Zäit brauch, an et duerchaus méiglech ass, datt et verschiddentlech zum Dissens komme kann, huet awer och mam Ëmfang vun der Reform ze dinn. Elo gëllt et sech dësen „Differenzen“ unzehuelen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu (archiv)

Next post Previous post