Search

You may also like

EUROFOIL: „op den allerleschte Stëppel!“
Neiegkeeten

EUROFOIL: „op den allerleschte Stëppel!“

Zënter Oktober war een an der Direktioun vun der EUROFOIL

Reform bei den Exame fir Gemengefonctionnairen
Neiegkeeten

Reform bei den Exame fir Gemengefonctionnairen

Zu Lëtzebuerg schreiwen sech all Joer méi wéi 2.000 Persounen

Bluddeg Noriichten: Zu Éieren vum Stephen King
Neiegkeeten

Bluddeg Noriichten: Zu Éieren vum Stephen King

Alles Guddes fir de Gebuertsdag, Här King (wann och nodréiglech)!

E sektoriellen Accord tëscht CGDIS an SNPPL

E sektoriellen Accord tëscht CGDIS an SNPPL

Um 18. November hunn d’Representante vum CGDIS, der Pompjeesgewerkschaft SNPPL an der CGFP e sektoriellen Accord zum Amenagement vun den Aarbechtszäite beim Corps ënnerschriwwen. Dëst Dokument formaliséiert d’Organisatioun vun der Aarbecht vun de Pompjeeën duerch verschidde Praktiken.

Am Kader vun den Diskussiounen zu den Aarbechtszäiten vun de Sécherheetskräfte, déi an Gesetzesprojet n°7644 iwwergaangen ass, konnt dat modifizéiert Gesetz vum 16. Abrëll 1979, dat de Statut vun de Fonctionnaire beim Staat beschreift, sou wéi dat modifizéiert Gesetz vum 25. Mäerz 2015 zu den Traitementer, de Konditiounen a Modalitéiten vu Staatsfonctionnairen, ugepasst ginn.

Soumat ginn zum engen d’Moossnamen ëmgesat, déi tëscht Regierung a CGDFP geholl gi sinn. Heizou gehéieren d’Wäertschätzung vun der Bereetschaftsprimm an der Primm fir de Bereetschaftsdéngscht vun Doheem aus. Dës weideren sinn elo Aspekter gekläert, wéi beispillsweis d’Referenzperiod, d’Bereetstellen an d’Änneren vum Schaffplang, oder och d’Participatioun vu Stagiairen bei de verschidden Aarbechte vum CGDIS.

Den Alain Becker, President vum Verwaltungsrot vum CGDIS, ass houfreg, datt dësen Accord an e gemeinsame Kader beschloss konnt ginn. Bei dëser Geleeënheet huet de Bob Jungers, President vum SNPPL, déi konstruktiv Stëmmung gelueft. Hien hofft, datt dëse positive sozialen Dialog an Zukunft bäibehalen gëtt.

Nieft de béide Presidenten waren och den SNPPL- Generalsekretär Christian Dimmer, de CGDIS-Generaldirekter Paul Schroeder, den CGFP-President Romain Wolff President an de CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger beim Ënnerschreiwes dobäi.

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Aarbechtszäiten, Accord, Alain Becker, Bob Jungers, CGDIS, CGFP, Romain Wolff, SNPPL, Stagiairen
Next post Previous post