Search

You may also like

Linkin Park: Suicide vum Chester Bennington bestätegt
Neiegkeeten

Linkin Park: Suicide vum Chester Bennington bestätegt

De Sänger vun der Metall-Band „Linkin Park“, Chester bennington huet

Den oppene Bréif vun der Escher Fuesent
Neiegkeeten

Den oppene Bréif vun der Escher Fuesent

Op der Facebooksäit vun der Escher Fuesent huet haut de

Cargolux zelebréiert een halleft Joerhonnert voller Erfolleger!
Neiegkeeten

Cargolux zelebréiert een halleft Joerhonnert voller Erfolleger!

Mat engem eenzege Fliger an enger Hand voll Mataarbechter konnt

CGDIS: Vereedegung vun 29 Pompjeeën

No zwee Joer Formatioun a Stagen beim CGDIS sinn en Donneschdeg 29 Pompjeeën vereedegt ginn. An dësem Kader huet de Colonel Steve Mack vum nationalen Institut fir d’Formatioun vun den Hëllefsdéngschter (INFS) wärend hirer Ausbildung déi néideg theoretesch a praktesch Kenntnisser sammelen duerften, fir an den Asaz geschéckt ze ginn.

No engem éischte Joer Basisformatioun an de Beräicher „Secours à personne“ an „incendie-sauvetage“, verbonne mat prakteschen Erfarungen, sinn d’Pompjeeën op den Terrain geschéckt ginn. Sief et de Sport, d’sozial Kompetenzen oder och d’Ëmsetze vum Geléierten, konnte si am zweete Joer hir Fäegkeete perfektionéieren.

Ënnert den 29 vereedegte Pompjeeën ware 26 Fraen a Männer vum Basiskader, sou wéi 3 Offizéier, déi zousätzlech eng Formatioun am Beräich „Féierung a „Kommando“ absolvéiert hunn. Doduerch solle si fir hir Ekippen déi richteg Entscheedungen treffe an och ënnert schwéieren Ëmstänn d’Ziler erreeche kënnen.

Och de Generaldirekter vum CGDIS ass houfreg iwwert dës éischt Promotioun. Zesumme mat de jonke Rekrutéierten kann ee sech fir d’Land a seng Bierger asetzen. Dobäi wäert een no de Wäerter vum Corps handelen: De Respekt virum Liewen an der Persoun, d’Higab, de Courage an de Virbildcharakter.

Dëst Fréijoer wäert eng weider Campagne lancéiert ginn, fir 50 professionell Pompjeeën an eng Rëtsch Offizéier anzestellen.

Billergalerie © CGDIS

Related topics Asaz, Basisformatioun, CGDIS, INFS, Kenntnisser, Lydie Polfer, Offizéier, Professionell Pompjeeën, Steve Mack, Vereedegung
Next post Previous post