Search

You may also like

Net akzeptéiere wat inakzeptabel ass
Neiegkeeten

Net akzeptéiere wat inakzeptabel ass

Eng vun de mindestens esou schänterleche wéi verlugenen Aussoen, déi

Green Deal: 100 Milliarde fir de Klima
Neiegkeeten

Green Deal: 100 Milliarde fir de Klima

Fir den Ausstig aus der Kuel sollen 100 Milliarden Euro

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen? – 3
Neiegkeeten

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen? – 3

[onionbuzz quiz-id=79][/onionbuzz] Nëmmen duerch üben gëtt een zum Meeschter. Dat

CGDIS: Feierlech Vereedegungszeremonie an der Stater Gemeng

Mëtt lescht Woch sinn 21 Membere beim CGDIS vereedegt ginn. Si ënnerdeele sech a 17 professionell Pompjeeën am Basiskader, ee Pompjee am Mëttelkader, zwee Offizéier vum ieweschte Kader an een Attaché.

Als éischt stoung awer emol eng Seance vum Verwaltungsrot vum Corps an der Stater Gemeng un. Bezüglech dem Personal goufen et nämlech 12 nei Engagementer, 3 Changementer beim Statut, een Depart an d’Pensioun, 3 fräiwëlleg Demissiounen, 3 intern Mutatiounen, 18 definitiv Nominatiounen, 13 Promotiounen an engem neie Grad, 3 Demande fir Initiatiounsperiod ze reduzéieren, sou wéi Nominatioune vu 4 Examenskommissiounen an Observateuren ze erwänen.

Bei dëser Geleeënheet gouf dann och iwwert d’Konventioun vum Transfert fir d’Gemeng Biissen diskutéiert an en Avenant zur Konventioun zum Transfert vun de Miwwelen mat der Gemeng Ëlwen geneemegt. Zousätzlech konnt eng Upassung beim Reglement vun den Taxen zur Preventioun vu Bränn ugeholl ginn.

A Saachen Impfungen huet de Generaldirekter erkläert, datt all Woch ëm 200 Intervenanten vum CGDIS, déi op der Prioritéitelëscht stinn, invitéiert ginn sech géint de Covid-19 impfen ze loossen. Bleiwen um Enn vum Dag Impfdosen an den Zentren iwwreg, gëtt den 112 kontaktéiert fir interesséiert Intervenanten picken ze loossen.

Elo awer zur Vereedegung

Folgend Memberen goufen um 18. Mäerz vereedegt:

  • Basiskader: BAYER Sascha Thierry, BECK Bob, BIONDI Andrea, BRIESCH David Roland, DA COSTA VELOSO Dylan, DA SILVA PINTO Patrick, DIAS AFONSO David Miguel, FONTES Ismael, GARCIA DA ROSA Sam, HARDT Sam, KARGER Tim, MIGNOT Jessica, MUSTAFIC Haris, PEREIRA MONTEIRO Marco, RAUCHS Tom, SOUS FERREIRA Luis Miguel, TARANTINI Massimo
  • Mëttelkader: SCHMITZ Tom
  • Offizéier vum ieweschte Kader: LUX Catherine, MASUTTI Daniel Joé Roland
  • Attaché: BURKEL Jean-Christophe

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zur Vereedegung © CGDIS / Di Millo

Related topics Attaché, CGDIS, Covid19, Impfung, Offizéier, Professionell Pompjeeën, Vereedegung, Verwaltungsrot, Zeremonie
Next post Previous post