Search

You may also like

money
Sinn eis Nopere Scholdäersch?
Meenung Neiegkeeten

Sinn eis Nopere Scholdäersch?

D‘Netto-Verschëldung vun der federaler Regierung huet Enn Juni bei 431,902

D‘Foire Agricole gëtt et dëst Joer nëmme virtuell
Meenung Neiegkeeten

D‘Foire Agricole gëtt et dëst Joer nëmme virtuell

Zanter ville Joren organiséiert d‘Stad Ettelbréck déi landwirtschaftlech Ausstellung (FAE),

Food For Your Senses: Opruff u jonk talentéiert Kënschtler!
Meenung Neiegkeeten

Food For Your Senses: Opruff u jonk talentéiert Kënschtler!

Deene meeschten ass et wuel scho bekannt, datt 2019 leider

CGFP: Ëffentlech Bedéngschteter dierfen net ausgebootet ginn

CGFP: Ëffentlech Bedéngschteter dierfen net ausgebootet ginn

Duerch d’Corona-Pandemie schaffe vill Mënschen net am Büro, mee vun Doheem aus. D’Aarbecht am Homeoffice, déi och a ville Beräicher vum ëffentlechen Déngscht méiglech ass, bleift ee wierksamt Mëttel, fir d’Ustiechungsgefor ze reduzéieren an den tückesche Virus anzedämmen. Opgrond vun der aktueller Lag an am Hibléck op déi weider Entwécklung vun der Kris genéisst d’Anhale vu spezifesche Kritären zum Schutz vun der Gesondheet déi iewescht Prioritéit.

Am Bezuch op den Teletravail huet d’Lëtzebuerger Regierung dës Woch mat den Nopeschlänner decidéiert, d’Ausnamereegelung zur Besteierung vu Grenzgänger bis Enn des Jores ze verlängeren. Doduerch musse Pendler aus der Belsch, Frankräich an Däitschland, déi vun Doheem schaffen, bis den 31. Dezember 2020 keng Sozialversécherung an hirem Heemechtsland bezuelen. Zudeem gëtt hir Paie ënnerhalb vun dëser Zäitspann weiderhin zu Lëtzebuerg besteiert.

Scho wärend dem Ausnamezoustand (état de crise) hat d’CGFP d’Regierung e puer Mol opgefuerdert, déi néideg Schrëtt anzeleeden, fir datt och ëffentlech Bedéngschteter, déi am Grenzgebitt wunnen, an de Genoss vun der deemoleger Sonnerreegel kommen.

D’CGFP geet fest dovun aus, datt de Ministère vum ëffentlechen Déngscht alles ënnerholl huet a fir d’Interesse vu senge Mataarbechter agetrueden ass. Fir d’CGFP wier et allefalls net ze akzeptéieren, datt Staatsbedéngschteter ausgeschloss ginn. Si fuerdert ganz am Géigendeel, datt déi frësch ausgehandelt Bestëmmungen och fir déi betraffe Mataarbechter vum ëffentlechen Déngscht an dem kommunale Secteur a vollem Ëmfang gëlle missten.

Den Ëmstand, datt dës Reegelung sech laang net op den ëffentlechen Déngscht bezunn huet, ass op historesch bedéngt Realitéiten zeréckzeféieren, déi mëttlerweil laang iwwerholl sinn. Säit geraumer Zäit mussen ëffentlech Bedéngschteter net méi zu Lëtzebuerg wunnen.

Matgedeelt vun der CGFP

Opmaacherbild: © Linkedin Sales Navigator / Unsplash

Related topics CGFP, Covid-19, ëffentlech Bedéngschteter, ëffentlechen Déngscht, Gemengesecteur, Homeoffice, Pandemie, Sonnerreegelung, Sozialversécherung, Teletravail
Next post Previous post