Search

You may also like

Den Andy Serkis hëlt dat Bescht aus dem Trump sengen Tweets eraus
Meenung Neiegkeeten

Den Andy Serkis hëlt dat Bescht aus dem Trump sengen Tweets eraus

Den Andy Serkis, deen ënnert anerem dem Gollum aus „Herr

Regierung versus Gewerkschaften
Meenung Neiegkeeten

Regierung versus Gewerkschaften

Nodeems de Premierminister Xavier Bettel mat senger ganzer Ekipp vun

Venezuela: de Marsch op Caracas
Meenung Neiegkeeten

Venezuela: de Marsch op Caracas

Während am Venezuela „de Stroum ausgefall ass“, wat jee no

D’Regierung muss sech „outen“

D'CGFP hält un Impfprioriséierung fest

D’Regierung muss sech „outen“

Um vergaangenen 3. Mee huet d’Regierung der CGFP hir Zoustëmmung zum Prinzip vun enger fakulativer Impfprioriséierung vu systemrelevante Beruffsgruppen am ëffentlechen Déngscht ginn. De Premierminister Xavier Bettel huet deemools säin Accord un zwou Konditioune geknäppt.

Zum enge misst den nationalen Ethikrot den CGFP-Fuerderungen zoustëmmen. Zum anere kéint eng prioritär Behandlung eréischt dann erfollegen, wann all Mënschen, déi iwwer 45 Joer al sinn, eng Impfinvitatioun kritt hätten, heescht et. Déi lescht Viraussetzung ass mëttlerweil erfëllt. D’Regierung misst och säit e puer Deeg déi entspriechend Expertise vun der „Commissioun Consultative Nationale d’Éthique“ virleien hunn.

Net geimpfte Staatsbedéngschteter, déi bei der Ausübung vun hirem Beruff engem erhéichten Infektiounsrisiko ausgesat sinn, bleiwe weiderhin am Ongewëssen. Amplaz endlech Faarf ze bekennen, spillt d’Regierung léiwer op Zäit. Si vermëttelt ëmmer méi den Androck, d’Verantwortung op Anerer drécken ze wëllen.

Dobäi gëtt a Kaf geholl, datt d’Gesondheet vu méi jonken Employéeën, déi am Déngscht vum Allgemengwuel stinn an nach ëmmer op en Rendezvous zur Impfung waarden, liichtfäerteg op d’Spill gesat gëtt.

Eng krass Feelaschätzung?

D’CGFP, déi schonn Enn Mäerz fir eng Impfprioriséierung agetrueden ass, erwaart heizou e kloert Bekenntnis säitens de politesche Verantwortlechen. Beim Pressebriefing vu gëschter nom Ministerrot ass de Xavier Bettel just op Nofro vun engem Journalist op d’Thema agaangen. Eréischt kommend Woch géif eng Decisioun kommen.

Sollt sech d’Regierung géint eng Impfprioriséierung ausschwätzen, wier dëst net just e kloert Ageständnis fir en Impfmangel, mee och e Beweis fir eng krass Feelaschätzung: Bei der Entrevue mat der CGFP huet d’Regierung Ufank Mee eng prioritär Behandlung nach net vun den Impfstoffliwwerungen ofhängeg gemaach. Aner Länner, wéi z.B. Däitschland, déi wäitaus méi Awunner zielen, hu säit Laangem grouss Deeler vu systemrelevante Beruffsgruppen duerchgeimpft. Ass Lëtzebuerg als Land vum Wuelstand net dozou an der Lag?

D’CGFP hält eng fräiwëlleg Prioriséierung nach ëmmer fir sënnvoll. Duerch d’Enkpäss bei de Liwwerunge vun de Vaccinen kann aktuell keen ausschléissen, datt d’Impfcampagne alt nees e Retard erlieft. Zudeem sinn déi zuelräich bevirstoend Corona-Lockerungen ugesiichts den vill verbreete Virusmutatiounen net ouni Risiken.

Sollt trotz alle Moossnamen eng nei Infektiounswell no der Summervakanz ugerullt kommen, géif et sech batter rächen, wann déi Beruffsgruppen, déi zum Oprechterhalen vum ëffentleche Liewe gebraucht ginn, nach ëmmer net genuch virun dem Virus geschützt wieren.

Recht op gläichwäertege Schutz fir jiddereen

Net novollzéibar ass zudeem, wisou et zu Lëtzebuerg – am Géigesaz zu anere Länner – bei der Schutzimpfung géint de Coronavirus nach ëmmer net méiglech ass, den Impfstoff un engem bestëmmte Produzent fräi ze wielen.

Bierger, déi eng länger Waardezäit a Kaf wëllen huelen, fir en erwisenermoossen méi effiziente Wierkstoff ze erhalen, bleift dës Optioun vu vir eran verwiert.

Matgedeelt vun der CGFP

Related topics CGFP, Duerchgeimpft, ëffentlechen Déngscht, Ethikrot, Fakultativ Impfprioriséierung, Invitatioun, Lockerungen, Schutzimpfung, Vaccin, Virusmutatioun
Next post Previous post