Search

You may also like

CFL: Et sinn bis ewell manner Zich ausgefall wéi nach 2017
Neiegkeeten

CFL: Et sinn bis ewell manner Zich ausgefall wéi nach 2017

Den Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) huet e Mëttwoch op

Sandhurst Medal: Auszeechnung fir de Groussherzog an den Ierfgroussherzog
Neiegkeeten

Sandhurst Medal: Auszeechnung fir de Groussherzog an den Ierfgroussherzog

Bei enger Audienz am groussherzogleche Palais huet S.E. John Marshall,

Humanitär Hëllef vun der EU fir Beirut – 17 Tonne Material goufen ageflunn
Neiegkeeten

Humanitär Hëllef vun der EU fir Beirut – 17 Tonne Material goufen ageflunn

Méi wéi 17 Tonnen humanitär Versuergungsmëttel, Medikamenter a medezineschem Material

D‘CGFP an den OGBL sinn sech eens: d‘Regierung muss hir Verspriechen halen

D‘CGFP an den OGBL sinn sech eens: d‘Regierung muss hir Verspriechen halen

Wéi sech am Hiecht 2014 d‘Gewerkschaften eestëmmeg géint eng Weiderféierung vun der „Spuerpolitik“ agesat hunn, war d‘Regierung bereet, dëser Fuerderung nozekommen. Déi géint d‘Bevëlkerung agesate Moossnam „Spuerpak“ sollt mat engem den 28. November 2014 ënnerschriwwenen Ofkommes mat de Gewerkschafte vum Dësch sinn.

Am Ofkommes war ënnerz anerem enthalen: d‘Reform vum Elterecongé. Dee soll flexibel agesat ginn, d‘Entschiedegung erhéicht an un d‘Entwécklung vum gesetzleche Mindestloun gekoppelt ginn. An dat, esou déi gutt Nouvelle aus dem Communiqué, ass dann och ëmgesat ginn.

Net geklappt mat der Ëmsetzung huet et bei der Verflichtung, och déi staatlech Familljeleeschtunge periodesch un d‘Entwécklung vum nationalen Duerchschnëttsloun unzepassen. An d‘Gewerkschafte bemängelen dann och, datt dës Leeschtungen zanter der Desindexéierung (2006) an dem net Upassen un déi reell Akommesentwécklung, stänneg ofgewäert gi sinn.

Elo fuerderen d‘Gewerkschaften e gesetzleche Mechanismus, deen zukünfteg d‘Kannergeld, d‘Zoulag fir de Schoulufank, de „Chèque Services“ a villes méi, esouwuel un d‘Präisentwécklung, wéi och un déi reell Lounentwécklung upasst. Esou ee Mechanismus ass noutwenneg, well um Beispill vum Kannergeld, d‘Familljen noweisbar säit 2006 bis zu 20% verluer hunn.

Wéineg geschitt säit 2016

Hoffnungen hat dat vun der Regierung den 20 Juni 2016 op den Instanzewee bruechte Gesetz (mat sengem groussherzogleche Reglement) ausgeléist. Am Oktober 2016 haten esouwuel de Staatsrot wéi déi concernéiert Beruffskummeren hiren Avis zum Gesetz ofginn. Avisen déi op Feeler an Onkloerheeten higewisen hunn.

Alles wat hei zur Debatte gestanen huet, esou d‘Gewerkschaften, hätt an enger iwwerschaffte Versioun, déi och fir all Parteien zoulässeg gewiescht wier, aus dem Wee geraumt kënne ginn. Ëmsou méi onverständlech fir d‘Gewerkschafte CFGP an OGBL, déi Aart a Weis wéi d‘Regierung elo agéiert.

Bis haut hätt kee vun de Ministeren (Familljeministère/Erzéiungsministère), dee mat der Beaarbechtung vum Dossier beoptraagt ass, och nëmmen ee positive Virschlag als Äntwert op d‘Avisen abruecht. Et géif den totale Stëllstand herrschen, esou d‘Gewerkschaften, déi der Regierung virwerfen, déi waarm Gromper un déi nächst Regierung wëlle weiderzereechen.

E Verhalen dat vun der CGFP an dem OGBL schaarf veruerteelt gëtt. E Mëttwoch hunn dann och béid Gewerkschaften eng Entrevue beim Staatsminister ugefrot. Si fuerderen onmëssverständlech vun der Regierung hir Verspriechen anzehalen, e Vertragsbroch géif een net einfach esou unhuelen. Et wier zudeem eng Ofso un de sozialen Dialog, deen d‘Regierung awer wollt fërderen.

Related topics Familljenzoulag, Ofkommes, OGBL, Regierungm, VGFP
Next post Previous post