Search

You may also like

Däitschland: Gräisslecht Bus-Accident fuerdert 18 Mënscheliewen
Neiegkeeten

Däitschland: Gräisslecht Bus-Accident fuerdert 18 Mënscheliewen

18 Mënsche sinn bei engem vun de schlëmmste Bus-Accidenter vun

Europäesch Marine-Missioun am Mëttelmier
Neiegkeeten

Europäesch Marine-Missioun am Mëttelmier

D‘EU-Ausseminister hu gëschter zu Bréissel eng Missioun beschloss, fir de

Äerdbiewen an der Ägäis: Mindestens 20 Affer
Neiegkeeten

Äerdbiewen an der Ägäis: Mindestens 20 Affer

No engem Äerdbiewen an der Ägäis, läit den aktuelle Bilan

Bei der CGFP gëtt een esou lues ongedëlleg

Bei der CGFP gëtt een esou lues ongedëlleg

Aus dem Communiqué vum Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem ëffentlechen Déngscht, ass erauszeliesen, datt ee mat senger Gedold um Enn ass. Et wieren zéi a laang Verhandlunge gewiescht, déi am Dezember 2016 zu engem Salariatsaccord gefouert hätten. Mee et wier ee sech schlussendlech awer eens ginn.

Ëmsou méi verwonnert stellt ee bei der CGFP fest, datt och ee Joer no der Ënnerschrëft vum Accord, bis ewell just en Deel vu Verbesserungen ëmgesat ginn ass. D‘Ausbezuele vun enger eemoleger Prime an héicht vun 1% hat am Abrëll stattfonnt, mee weider Bestëmmungen zur Remuneratioun schéngen nach ëmmer op sech waarden ze loossen.

Vir a no der Summervakanz, hat d‘Regierung déi entspriechend Texter op den Instanzewee geschéckt. Säit wéinegen Deeg läit dann och den Avis vum Staatsrot vir. Dat bedeit allerdéngs, datt de Gesetzprojet bis 2018 muss waarden, iert en an der Chamber kann ofgestëmmt ginn. D‘Punktwäerterhéijung vun 1,5% déi am Januar sollt komme kritt also Retard.

Datt d‘Leit hir Suen awer kréien, also Réckwierkend ausbezuelt ginn, gëtt net a Fro gestallt. Mee et kënnt dann awer nees alles vill méi spéit wéi et virgesi war. E Problem deen och fir aner Beräicher vum Salariatsaccord gülteg ass. D‘Zoulag fir d‘Iessen déi vun 110 op 144 Euro soll klammen ass hei e gutt Beispill

De problemateschen Ëmgang mat engem Accord

Mat der Gedold um Enn, ass een bei der CGFP och bezüglech der Aféierung vun den Zäitspuerkonten. Déi sollen et dem Beamten zukünfteg erméigleche bis zu 1.800 Iwwerstonnen ze sammelen, an dës dann zu engem spéideren Zäitpunkt dierfen a Fräistonnen ëmzemënzen. Nom verhältnesméisseg kriteschen Avis vum Staatsrot vum 15. Dezember, steet dat nach op.

Blockéiert zur Zäit, dann och déi nei Reegelung vun der Deelzäitaarbecht, d‘Eropsetze vum Sozialcongé vun elo 8 Stonnen de Mount op 24 Stonne pro Trimester, an d‘Erhéijung vun der Familljenzoulag. Verbesserungen déi erwaart ginn an elo wahrscheinlech bis zum Fréijoer wäerte brauche fir effektiv ze ginn.

D‘CGFP geet dann och net dovunner aus, datt de Salariatsaccord fir den ëffentlechen Déngscht nach virum Februar an der Chamber ka gestëmmt ginn. Beim Daachverband vun de Gewerkschafte vum ëffentlechen Déngscht verfollegt een dat Spill mat grousser Opmierksamkeet. Zudeem gëtt mat Nodrock gefuerdert, datt all d‘Punkten, déi scho virun engem Joer verhandelt goufen, zäitno ëmgesat ginn.

Erënnere mer dann och drun, datt um 27. November eng grouss Manifestatioun, un där iwwer 750 Leit deel geholl hunn, am Park Hotel Alvisse stattfonnt hat. Deemools hat d‘CGFP Nobesserunge vun der Reform gefuerdert an de Parteien zwou Wochen Zäit ginn, sech zu de Fuerderunge vum Daachverband ze äusseren.

Reaktioune soll et der séier wéineg ginn hunn, firwat sech d‘Gremie vun der CGFP elo den 10. Januar gesi fir zesummen ze iwwerleeë wéi eng Suitten een de berechtegte Reklamatioune ka ginn. Et huet een, esou zumindest de Fazit aus dem Communiqué net wëlles sech op der Nues erëmdanzen ze loossen.

Foto: Dem CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger steet en aarbechtsräichen éischten Trimester 2018 bevir. Dat obwuel net dovunner auszegoen ass, datt déi verschidde Fuerderungen net sollten erfëllt ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics CGFP, Reform, Salariatsaccord
Next post Previous post