Search

You may also like

Sea Shepherd Lëtzebuerg: Dat erwaart Iech Ufank 2020!
Neiegkeeten

Sea Shepherd Lëtzebuerg: Dat erwaart Iech Ufank 2020!

Mam Bléck op dat Aalt an dat Neit hu Sea

surprise
Schwedesch Bank NORDEA verkeeft de Private Banking un d’UBS
Neiegkeeten

Schwedesch Bank NORDEA verkeeft de Private Banking un d’UBS

D‘Gewerkschaft Banken an Assurancen (SBA) déi dem OGBL ugegliddert ass,

Wäifestival am Delhaize – Iwwert 200 Produite maache Loscht op méi
Neiegkeeten

Wäifestival am Delhaize – Iwwert 200 Produite maache Loscht op méi

Vum 17. September bis de 14. Oktober 2020 inclus luet

CGFP-President zweiwelt d‘Covid19-Mesuren un

CGFP-President zweiwelt d‘Covid19-Mesuren un

Datt net alles wat d‘Regierung esou u Mesuren am Kampf géint de Covid19 aféiert och koherent ass, datt huet Si iwwert den Ëmwee vum Premierminister, der Gesondheetsministesch an och dem Educatiounsminister scho längst agestanen. Do kéint een dann awer mengen, wann et net ze vill Ëmstänn géif maachen, datt hinnen dru geleeën ass, deem Léisungen zouzeféieren.

Elo ass dat offensichtlech net ganz de Fall, a wann een ee kuerze Bléck iwwert d‘Grenze werft, da gesäit een, datt och wann d‘Zuele vun den Neiinfektiounen u sech „stabil“ bleiwen, déi nach ëmmer vill ze héich sinn, bezunn op d‘Leeschtungskapassitéit vun de Gesondheetssystemer. An wéi et sech do mat den Decisiounen zum Confinement an den Ausgangsspäre verhält, suergt fir Onmutt.

CGFP

En Onmutt deen de President vun der CGFP, Romain Wolff, op senger Facebooksäit zum Ausdrock bruecht huet. Hie schléit hei wuel nach ëmmer ee gemässegten Toun hunn, mee tëscht den Zeilen ass erkennbar, datt hien et „déck sëtzen“ huet. Wéi esou oft si seng Argumenter ganz zoutreffend, wann och pointéiert. Et ass jo och net hien dee vun eis verlaangt mam Aarsch doheem ze bleiwen.

Nee datt ass tatsächlech d‘Regierung, wann och net esou wuertwiertlech, mee eigentlech ass säit Enn Oktober datt d‘Maxime mat där Bettel/Lenert/Meisch hantéieren. Gläichzäiteg sollen d‘Leit awer och lokal akafen, also méiglechst d‘Fanger vun de groussen internationale Plattforme loossen. Lëtzshop.lu ass natierlech erlaabt an erwënscht. Et soll also den Handel gestäerkt ginn…

Et ass wuel och net esou, datt de Romain Wolff de Geschäftsleit d‘Chrëschtgeschäft ofschwätze wëll, hie gëtt awer ze bedenken, datt den Horesca-Secteur wierklech all Ustrengungen ënnerholl huet eng erkennbar „Sécherheet“ an hiren Etablissementer ëmzesetzen. Dofir gesäit een da Leit déi zu véier an engem Auto sëtzen, fir z‘iessen. Déi wiere wuel besser am Restaurant geschützt…

Beim schwaarze Freideg an de Verkafsoppene-Weekender sinn, och dat bemierkt de Romain Wolff treffend, d‘Shoppingzenter an d‘Akafsstroossen iwwerlaf. An datt een sech an der Schoul net géif ustiechen, ass längst widderluecht. Statt elo all dës Problemer ze léisen, schéngt d‘Privatiséierung vum ëffentlechen Déngscht méi wichteg. Dozou de Jean Asselborn: „Abee Merde alors!“…

Illustratioun: © Heamosoo Kim / unsplash

Related topics CGFP, Covid19-Gesetz, Covid19-Moossnamen, Horesca-Secteur, Oplagen, Romain Wolff, Spärstonn
Next post Previous post