Search

You may also like

dislike
„Ouni Perspektive kënnt keen op de Bierg“
Meenung Neiegkeeten

„Ouni Perspektive kënnt keen op de Bierg“

D‘Gewerkschaft vum professionelle Personal vun der Arméi (SPAL) hat virun

Kufa‘s Urban Art Esch: Artistesch Attack op d‘Gare
Meenung Neiegkeeten

Kufa‘s Urban Art Esch: Artistesch Attack op d‘Gare

D‘Ekipp vu Kufa‘s Urban Art Esch schéngt an dësem Joer

Firwat d‘Regierung?
Meenung Neiegkeeten

Firwat d‘Regierung?

Et ass ze einfach, fir bei der Verbreedung vum Covid19

Widderspréchlech Aussoen

CGFP-Reaktioun zur Lag vun der Natioun

Widderspréchlech Aussoen

An enger éischter Reaktioun op dem Premierminister Bettel seng Ried zur Lag vun der Natioun begréisst d‘CGFP dat kloert Bekenntnis vun der Regierung zum Sozialdialog. Dem Staatsminister no hätt d‘Dräierkoalitioun wärend der Pandemie ronn 100 Ënnerriedungen mat de Sozialpartner gefouert.

An dësem Zesummenhang bedauert d‘CGFP awer, datt et sech bei engem Groussdeel vun dëse Gespréicher just ëm Informatiounstreffe mat virgefäerdegte Meenunge gehandelt huet. Déi vun der Regierung zum Joresenn ugekënnegt Tripartite-Ronn dierf sech net, wéi verlaut, just mat der zukünfteger Entwécklung vum Aarbechtsmaart befaassen. Och aner Theemen, déi dringend eng Léisung brauchen, mussen dës Kéier an de Virdergrond réckelen.

Mat Satisfaktioun hëlt d‘CGFP zur Kenntnis, datt d‘Dräierkoalitioun weder eng Spuerpolitik nach eng Steiererhéijung a Betruecht zitt, fir dat duerch d‘Corona-Hëllefen entstane finanziellt Lach ze fëllen. Amplaz sollen ëffentlech Investitiounen eropgefuer ginn. Domat gëtt eng Kärfuerderung vun der CGFP berécksiichtegt.

Obwuel déi grouss Steierreform elo emol ausbleift, fuerdert d‘CGFP, datt déi verbleiwend Zäit vun dëser Legislaturperiod zur Ëmsetzung vu punktuelle Moossname fir méi Steiergerechtegkeet genotzt muss ginn.

Ëmsetzung vu CGFP-Kärfuerderungen an der Wunnengsbaupolitik

Mat engem Pak vu Moossname wëll Blo-Rout-Gréng an de kommende Méint méi bezuelbare Wunnraum schafen. Mat der Aféierung vun enger Spekulatiounssteier an enger Reform vun der Grondsteier huet d‘Regierung sech dozou verflicht, zwou weider CGFP-Fuerderunge Rechnung ze droen.

Absolut luewenswäert ass aus CGFP-Siicht déi ugekënnegt Ëmsetzung vun zuelräiche familljefrëndleche Moossnamen. D‘Erhéijung vum Gromperegeld, déi zukünfteg gratis Kannerbetreiung an de Maisons Relais u Schaffdeeg sou wéi déi direkt Reindexéierung vum Kannergeld féiere besonnesch zur Entlaaschtung vun der Mëttelschicht.

An Zukunft sollen d‘Kanner vu Menage mat niddregem oder mëttlerem Akommes gratis Moolzechten an de Schoulkantinnen ugebuede kréien. Onkloer ass awer déi ze erfëllend Bestëmmungen, fir an de Genoss vun dëser Moossnam ze kommen.

D‘Dräierkoalitioun ass fest gewëllt, d‘Recht op Deelzäitaarbecht anzeféieren. En Deel vun de Pensiounsbäiträg solle vum Staat iwwerholl ginn. Fir d‘CGFP versteet et sech vum selwen, datt dëst Konzept och am ëffentlechen Déngscht Uwendung fanne muss.

De Regierungschef ass a senger Riedzäit ausféierlech op de Kampf géint de Klimawandel agaangen. Géing d‘Kreatioun vun engem sougenannte Klimabiergerrot ass prinzipiell näischt anzewennen. D‘CGFP wëll awer vun der Regierung wëssen, wéi si d‘Sozialpartner abanne wëll. Eréischt viru kuerzem goufen d‘Vertrieder vun den Employéeën bei der Klimaplattform ausgebootet.

De Premier Bettel bestätegt a senger Erklärung virum Parlament, datt d‘Regierung deemnächst mat der CGFP iwwert déi zukünfteg Reegelung vum Homeoffice am Staatsdéngscht fir d‘Zäit no der Pandemie verhandele wëll. Den CGFP-Nationalvirstand huet heizou dëse Méindeg e breetgefächerte Fuerderungskatalog adoptéiert, deen deemnächst der Regierung virgeluecht gëtt.

CovidCheck: Geliefte Solidaritéit?

Virun den Deputéierten huet de Staatsminister betount, datt d‘Regierung wärend der Pandemie keen am Stach gelooss hätt. D‘Existenzgrondlag vun Dausende Mënsche wier a Gefor gewiescht. d‘Regierung huet wärend der Corona-Kris geliefte Solidaritéit bewisen.

Fir d‘CGFP steet dës Ausso allerdéngs a krassem Widdersproch zum neie Covid-Gesetzesentwortf, mat deem d‘Méiglechkeet kreéiert gëtt, datt Mënschen, déi de CovidCheck op der Aarbechtsplaz verweigeren, ënnert Ëmstänn hiren Job verléiere kënnen an hir Existenz soumat zerstéiert gëtt.

Matgedeelt vun der CGFP
OPmaacherbild: © Chambre des Députés/Flickr (Archiv)


Annexe:

Related topics CGFP, CovidCheck, Homeoffice, Kannerbetreiung, Kannergeld, Klimaplattform, Klimawandel, Maison Relais, Reaktioun, Ried zur Lag vun der Natioun, Spekulatiounssteier, Staatsbedéngschteter, Steierreform, Wunnengsbaupolitik, Xavier Bettel
Next post Previous post