Search

You may also like

Hamburger Konschtveräin: Einfach emol Dildoen kucke goen!
Neiegkeeten

Hamburger Konschtveräin: Einfach emol Dildoen kucke goen!

Um vergaangenen Donneschdeg ass déi bëssi méi speziell Ausstellung vun

Finanzministeren op Besuch: De Pierre Gramegna empfänkt seng Amtskollegen
Neiegkeeten

Finanzministeren op Besuch: De Pierre Gramegna empfänkt seng Amtskollegen

Op Invitatioun vum Finanzminister Pierre Gramegna hu sech um 26.

Eng „zweet Well“ wier Ënnerwee…
Neiegkeeten

Eng „zweet Well“ wier Ënnerwee…

Beim OGBL ass een alt nees gezwongen d‘Alarmklacken ze lauden,

D‘CGFP setzt d‘Schlichtungsverfare virleefeg aus

D‘CGFP setzt d‘Schlichtungsverfare virleefeg aus

No etleche gescheiterte Versich de Sozialdialog nees opzehuelen, hatt d‘CGFP den 19. Januar d‘Schlichtungsverfare géint d‘Regierung agereecht. Beim Sträit ëm d‘Privatiséierungstendenzen am Staatsdéngscht huet d‘Koalitiounsregierung ënnert dem Virwand vun der Covuid19-Kris en haarde Kurs ageschloen. Esou war de strikte Refus vu wesentleche CGFP-Fuerderungen ausschlaggebend fir d‘Aleede vum Verfaren.

Engersäits huet d‘CGFP de Réckzuch, respektiv d‘Iwweraarbechtung vun den zwee ëmstriddene Gesetzprojete 7662 a 7658 am Bildungswiese verlaangt. Anersäits ass d‘CGFP fir substanziell Nobesserunge beim frowierdege Gesetzprojet 7707 am Sportberäich agetrueden. Ausserdeem gouf d‘Regierung opgefuerdert, sech onmëssverständlech géint weider Privatiséierungstendenzen am Staatsdéngscht ze bekennen.

Zuelräich CGFP-Fuerderungen ëmgesat

Antëscht stellt d‘CGFP mat Zefriddenheet fest, datt ee Groussdeel vun hire Fuerderungen erfëllt goufen. Den éischten Duerchbroch hat en schonn zwou Wochen nom areeche vun der Schlichtungsprozedur.

Ufank Februar hunn d‘CGFP an den Educatiounsminister Claude Meisch en ëmfaassend Ofkommes ënnerschriwwen. Béid Parteien hu sech drop gëeenegt, de Gesetzprojet 7662 duerch eng komplett nei Fassung ze ersetzen. De Vertrieder aus der Privatwirtschaft bleift den direkten Zougang zu Schlësselpositiounen an de Lycéeë verwiert.

Beim Entworf 7658, betreffend déi dräi Bildungsariichtunge CGIE, SCRIPT an IFEN kënnt et zu Ännerungen, déi an der iwwerschaffter Form de Kärfuerderunge vun der CGFP gerecht solle ginn. Och hei erhalen d‘Kandidaten aus dem Privatsecteur keen direkten Zougang zu Spëtzeposten. An Zukunft wäerten sech all d‘Leit aus dem Staatsdéngscht fir eng leedend Funktioun bewerbe kënnen, wann se mindestens 5 Joer dem Staatsdéngscht zougehéiereg sinn. Dees Weider mussen se am Besëtz vun engem Master sinn, deen dem gewënschte Profil entsprécht.

Dat erziilten Ofkommes eleng geet net duer – elo muss eppes geschéien! Um Educatiounsministère läit elo, d‘Neioplo, bezéiungsweis d‘Iwweraarbechtung vu béide Gesetzprojeten an enker Zesummenaarbecht mat den zoustännege CGFP-Fachverbänn auszeschaffen. D‘CGFP wäert mat Argusaen drop oppassen, datt d‘Ëmsetzung dem Geescht vum Ofkommes entsprécht.

Mëttlerweil huet et och en Ëmdenken op Regierungsniveau stattfonnt. No ufänglecher Hesitatioun koum d‘Regierungskoalitioun der CGFP-Opfuerderung no, sech entschidde géint d‘Privatiséierung am ëffentlechen Déngscht auszeschwätzen. „D‘Kompetenze vum Staatsdéngscht gi bewoort“ heescht et am jéngste Gehälterofkommes, dat CGFP a Regierung de 4. Mäerz besigelt hunn. Zudeem verflicht sech d‘Regierung, keng Gesetzesentwërf méi auszeschaffen, déi eng Opweechung vun den Astellungskritäre mat sech brénge géifen.

Ugesiichts dëser onbestreitbaren Erfolleger, déi d‘CGFP an de vergaangene Woche verbuche konnt, huet den Exekutivbüro den Entschloss gefaasst, d‘Schlichtungsverfaren auszesetzen. Dat kann awer zu jidderzäit nees an Ugrëff geholl ginn.

Meenungsverschiddenheete mam Sportminister Kersch

De Grond firwat d‘CGFP d‘Schlichtungsverfaren net zeréckzitt, sinn d‘Meenungsverschiddenheete mam Sportminister Dan Kersch bezüglech dem Gesetzprojet 7708. Dobäi hat et geschéngt, wei wa schonn ee Kompromëss zum gräifen no war. Esou huet den Dan Kersch verschiddentlech seng Bereetschaft, d‘Direktiounsposte vun der Sportschoul ENEPS och zukünfteg nëmme Sportsproffe mat engem Mindestdéngschtalter vu fënnef Joer virzebehalen.

Beim Poste vum Sportskommissär weigert sech den zoustännege Minister awer op d‘Fuerderunge vun der CGFP anzegoen. D‘CGFP huet kee Versteesdemech dofir, dat laut dem Dem Entworf 7708 d‘Kandidaten net méi mussen dem Staatsdéngscht ugehéieren. Zudeem ass et net hinzehuelen, datt fir den héchste Poste vum Sportsministère, keng berufflech Qualifikatioun méi virgesinn ass. Och wann de Sportskommissär iwwer keng Entscheedungsgewalt verfüügt, esou beréit hien d‘Regierung an alle wichtegen Ugeleeënheeten, déi de Sport betreffen. Säi villfältegen Aufgabeberäich setzt deemno zolidd spezifesch Kenntnisser viraus.

Eréischt kierzlech huet sech de Minister Kersch derzou bereet erkläert, op de Poste vum Sportskommissär ze verzichten, falls sech de Staatsrot an sengem Gutachten, fir deem seng Ofschafung aussprieche sollt. Wann deem tatsächlech esou ass, stellt sech onweigerlech d‘Fro, firwat de Sportminister seng Reformpläng iwwerhaapt bekannt gemaach huet.

Et ass den Ament schwéier ofzegesinn, op déi gefuerdert Upassunge fir den ëmstriddene Gesetzprojet 7708 an de kommende Wochen erfollegen. Bei den Zougangsbestëmmungen, fir leedend ENEPS-Funktiounen ass de Minister der CGFP scho gutt entgéintkomm. Mee esoulaang wei dës mëndlech Zousoen net schrëftlech erfollegen, ass d‘CGFP net gewëllt, d‘Schlichtungsverfaren endgülteg ad acta ze leeën.

Matgedeelt vun der CGFP – fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Volodymyr Hryschenko / unsplash

Related topics CGFP, Gesetzprojet 7658, Gesetzprojet 7662, Gesetzprojet 7708, Schlichtungsverfaren
Next post Previous post