D‘CGFP setzt een Zeechen

D’CGFP setzt een Zeeche vun der Solidaritéit mat dem ukrainesche Vollek. De vëlkerrechtswiddrege Krich an der Ukrain stellt ee schwéiere Réckschlag fir déi gesamteuropäesch Friddensuerdnung duer.

D’CGFP ass entsat a fassungslos iwwert déi brutal Ugrëff vu Russland, déi Millioune vun onschëllege Mënschen zudéifst erschrecken an an een onendlecht Leed stierzen.

An dësem Sënn huet den Daachverband vun allen ëffentleche Bedéngschte schonn an der leschter Woch eng Resolutioun vun der CESI (European Confederation of Independent Trade Unions) ënnerstëtzt, déi de russeschen Amarsch op d’Schäerfst verurteelt. Déi militäresch Attack wär ee grave Verstouss géint internationaalt Recht an Ofkommen, déi bestinn.

Iwwerall op der Welt fanne Friddensdemonstratiounen, Wuechten a Mënschekette statt, esou och zu Lëtzebuerg. Vir dem Hannergrond, ënnert dem Motto « Stoppt de Krich » geplangten Demonstratioun op der Place des Constitution den nächste Samschdeg, den 12 Mäerz, dréckt d’CGFB hiert déifste Matgefill esou wéi hier voll Solidaritéit mat der ukrainescher Bevëlkerung aus.

D’CGFP wëll sech awer net op symbolesch Gesten a passionéiert Rieden beschränken. Si gëtt e bësse méi konkret, andeems si een humanitäre Hëllefsprojet lancéiert. Dësen huet zum Zil, den verzweiwelte Mënschen op der Plaz ze hëllefen an hinnen esou Mutt an Hoffnung maachen.

Déi entspriechend Virbereedunge sinn am gaangen. Soubal déi néideg Virkéierunge getraff sinn, wäert d’CGFP Eenzelheete vun dëser Hëllefsaktioun zugonschte vun de Krichsaffer bekannt ginn.

*matgedeelt vun der CGFP

Dernières nouvelles