Search

You may also like

De Kulturministère op der Sich no musikalesche Kompositiounen
Neiegkeeten

De Kulturministère op der Sich no musikalesche Kompositiounen

Fir d’Saison 2020-2021 lancéiert de Kulturministère elo een Appell un

De Fausti huet eis verlooss
Neiegkeeten

De Fausti huet eis verlooss

Am Alter vu grad emol 80 Joer ass de Faustino

Amerika, d‘Land vun de Géigesätz
Neiegkeeten

Amerika, d‘Land vun de Géigesätz

Wat een net fir méiglech géif halen, schéngt sech elo

Beschimmend Erugoensweis vun héije Patronatsvertrieder

Et gouf villes bei der sozialer Rentrée vun der CGFP opgedëscht – erfreelech geet anescht

Beschimmend Erugoensweis vun héije Patronatsvertrieder

D‘Covid19-Pandemie ass nach laang net iwwerstanen. D‘Verwaltungen an d‘Bierger mussen elo déi grouss Erausfuerderungen zesummen ugoen. An esou erbäermlecher wierkt de jéngste Versuch vun héije Patronatsvertrieder, Deeler vun der Bevëlkerung géintenaner opzehetzen. Esou d‘Ausso vum CGFP-Nationalvirstand, no senger Sëtzung vun ee Mëttwoch.

Fir den Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem ëffentlechen Déngscht, war d‘Fuerderung vun der Handwierkerfederatioun (dat war déi lescht Woch) datt: Kuerzaarbecht, Fräistellung, Krankegeld, Elterecongé an och de Congé aus familiäre Grënn, am ëffentlechen Déngscht kënfteg nëmmen nach sollten zu 80% entschiedegt ginn. Soss awer hu se do weider keng Krämpes.

Eng Propose, déi och dierft derzou bäigedroen hunn, datt de President vun der Handwierkerkummer Michel Reckinger, vum UEL-Verwaltungsrot als Nofolger vum Nicolas Buck un d‘Spëtzt vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen nominéiert ginn ass. Bei der CGFP hëlt een esou Aussoen allerdéngs eescht, an et geet drop verwisen, datt d‘Fuerderung deplacéiert an oniwwerluecht ass.

Bei der CGFP stellt ee sech dann och déi berechtegt Fro, ob datt esou vun de Betriber, besonnesch deene méi klengen, sollt gewënscht sinn. Wéi en Avantage soll et brénge wa vill vun hire Clienten an ugespaanten Zäiten hirer Kafkraaft bestuel ginn? Hei gëtt de sozialen Näid erausgefuerdert, wat éischter schänterlech ass. Et ass net wierklech de richtegen Zäitpunkt, fir onnëtz Provokatiounen.

Ee géint deen aneren ausspillen, dréit éischter derzou bäi d‘Problemer ze verschäerfen, wéi dann ee Bäitrag zur wirtschaftlecher Relance ze leeschten. Zudeem wier et – an déi Usiicht vun der CGFP dierf gedeelt ginn – eppes gewot grad am Kontext vun enger sanitärer Kris, déi jo elo grad en neien Héichpunkt erreecht, finanziell Aschnëtter fir erkrankt Salariéeën duerchsetzen ze wëllen.

De leit keng vum gréng Päerd erzielen

Richteg veriergert schéngt ee bei der CGFP och op déi vun der Handwierkerfederatioun an d‘Welt gesate Behaaptung, all beim Staat beschäftegt Salariéeë, wiere wärend dem Lockdown, bei vollem Lounausgläich vun hirer Aarbecht befreit ginn. Dobäi huet de gréissten Deel vun den ëffentlech Beschäftegte, hir Aarbecht am Homeoffice gemaach an duerchaus méi geschafft wéi verlaangt war.

Datt ee bei der CGFP dann och den Toun an d‘Aart a Weis wéi gewëssen Aussoe gemaach ginn net begréisst, dierft zum Gespréichsthema bei de nächster Tripartitesëtzung ginn. Woubäi een sech dierf sécher sinn, datt d‘Vertrieder vu de Salariéeën aus dem ëffentlechen Déngscht, besser Manéieren hunn, an sech net op de Niveau vun onmanéierleche Patronatsvertrieder wäerten erofloossen.

Et huet eng gewëssen Traditioun, datt d‘CGFP – wéi och hir Syndikater – et léiwer bei konstruktive Gespréicher beléisst. Dat mécht am Kontext vun der Tripartite nach eppes méi Sënn, zemools net vun der Hand ze weisen ass, datt den ëffentlechen Déngscht systemrelevant ass. Gutt 1.000 nei Aarbechtsplaze sollen 2021 beim Staat geschafe ginn. Op se all kënne besat ginn ass hei d‘Fro…

Bis ewell ass ongekläert, wéi vill onbesate Posten nach aus der Vergaangenheet opstinn. An dann ass do jo och nach den Ausbau vum e-Government. D‘CGFP wäert ganz gutt uecht doen an dofir Suerg droen, datt sech d‘Regierung hirer sozialer Verantwortung net entzéie kann. Hei gëtt drop bestanen, datt bei der fortschreidender Digitaliséierung, de Mënsch muss am Mëttelpunkt stoen.

Télétravail: Et brauch kloer Reegelen

Am Kontext vun der sozialer Rentrée ass sech am CGFP-Nationalvirstand och mam Télétravail ausenanergesat ginn. Hei ass sech eens, datt et sënnvoll ass, dës Aarbechtsform verstäerkt anzesetzen, woubäi wann den Télétravail sollt flächendeckend agefouert ginn, sech natierlech ee verwaltungsiwwergräifende Kader opdrängt. Dee brauch dann och eng Rechtsgrondlag.

Den Appell vun der Regierung, do wou et méiglech op den Homeoffice zeréckzegräifen, gëtt vun der CGFP ënnerstëtzt, well et derzou bäidréit Infektiounsketten ze sprengen. Leider muss nees festgestallt ginn, datt et eenzel Verwaltunge gëtt, déi sech weigeren hire Mataarbechter Télétravail maachen ze loossen. Dat wier besonnesch bedauerlech, wou d‘Aarbecht et géif absolut zouloossen.

Séieren Themewiessel: bezunn op déi Diskussiounen, déi sech op d‘Ierfschaftssteier bezéien, mécht den CGFP-Nationalvirstand däitlech, datt dat mat hinnen net ze maachen ass. Si weisen drop hin, datt dat Geld, mat deem sech eppes geleescht gouf, schonn eng Kéier besteiert ginn ass. Et ass och net erkennbar wéi sech dat mam Fräibetrag soll berechne loossen. Dat sollt ee besser si loossen.

Nach eppes vun deem, d‘Regierung – den Ament zumindest – sollt Ofstand huelen: déi geplangten Taxen/Accisen op de Sprit an d‘Hëtzes. Dat sinn och fir CGFP verstoppte Steieren, an där sollt et jo laut dem Finanzminister keng nei ginn. Zudeem kann et sech net ugoen, datt nees d‘Menage sollen d‘CO²-Steier berappen, wärend d‘Entreprisen dovunner ausgeholl ginn. Eigentlech richteg gesinn.

Et gëtt dann och Guddes ze soen

Datt d‘Regierung sech duerchgeronge kritt huet, d‘Stock Optiounen ofzeschafen an endlech eppes konsequent Steieren op déi spezialiséiert Investitiounsfongen (FIS) erhiewe wëll, kann nëmmen en éischte Schratt sinn. Direkt an indirekt Akommes aus Immobilie mat 20% ze besteiere geet der CGFP net wäit genuch, wann de normale Bierger elo schonn duebel esou staark belaascht gëtt.

Begréissenswäert wier dann och nach, datt d‘Regierung gewëllt ass, den Investitiounsniveau op engem héijen Niveau ze halen. Am CGFP-Nationalvirstand ka sech kee virstellen, datt een et de Moment sollt eng Austeritéitspolitik an d‘A faassen. Et schléit een dann hei och nach vir, sech ze iwwerleeën, ob et net eventuell de richtegen Zäitpunkt fir eng Reform vum Stabilitéitspakt wier.

D‘CGFP géif et begréissen, wann ëffentlech Investitioune fir Zukünfteg Generatiounen, aus der Berechnung vun der Staatsschold kéinten erausgeholl ginn. Eng gutt Iddi. Bleift nach op déi „grouss Enttäuschung“ hinzeweisen. De CGFP-Nationalvirstand huet esou guer kee Versteesdemech dofir, datt de Premier bei senger Ried zur Lag vun der Natioun de Logement bausse vir gelooss hat.

Ausser engem Grappvoll punktuelle Mesure, hat de Xavier Bettel näischt Opweises. Deem sollt an der tëscht jo awer och net entgaange sinn, datt besonnesch d‘Logementskris, déi jo duerch déi sanitär Situatioun an d‘Wirtschaftskris éischter verschlëmmert gëtt, dreet zu enger zolitter sozialer Kris bäizedroen. Hei huet de Premierminister d‘Erwaardunge vun de Mënschen net erfëllt.

Illustratioun: © Belinda Fewings / unsplash

Related topics CGFP, CGFP-Nationalvirtsand, Patronatsfuerderungen, sozial Rentree, Steieren, Télétravail
Next post Previous post