Search

You may also like

Italien huet seng politesch Kris
Neiegkeeten

Italien huet seng politesch Kris

Eigentlech wollt den italieneschen Inneminister Matteo Salvini scho gëschter d‘Regierung

ACL-Sport: Grouss Gala fir d‘Laureate vum Automobilsport
Neiegkeeten

ACL-Sport: Grouss Gala fir d‘Laureate vum Automobilsport

Am Munnerefer Casino huet um Samschdeg Bensin an der Loft

Cargolux: 2018 war fir d’Entreprise d’Joer vum Päerd
Neiegkeeten

Cargolux: 2018 war fir d’Entreprise d’Joer vum Päerd

Am vergaangene Joer huet Cargolux Airlines International ee perséinleche Rekord

D‘CGFP bleift déi stäerkste Kraaft

Beruffskummerwahle vun de Salariéeën aus dem ëffentlechen Déngscht

D‘CGFP bleift déi stäerkste Kraaft

Bei der Beruffskummerwahle vum ëffentlechen Déngscht, déi dës Kéier opgrond der Pandemie ënnert äusserst schwieregen Ëmstänn stattfonnt hunn, geet d‘CGFP als onbestriddene Gewënner ervir.

Mat 21 vun 22 méigleche Mandater huet den Daachverband vun alle Salariéeën aus dem ëffentlechen Déngscht seng Virmuechtstellung weider gefestegt. D‘Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC, déi duerch ee Kooperatiounsofkommes enk mat der CGFP verbonnen ass, huet am kommunale Beräich véier vun de fënnef Mandater errongen. Deemno ginn an der zukünfteger Beruffskummer 25 vu 27 Sëtzer op de Kont vun der CGFP an der FGFC.

An der Kategorie A (Héichschoulberäich) huet Féduse/Enseignement-CGFP en zousätzleche Sëtz kritt, esou datt déi zwee Mandater op hire Kont ginn. An der Kategorie D (Grondschoulen) konnten d‘Kandidate vun der SNE/CGFP zweedrëttel vun de Stëmme fir sech gewannen an sech esou ee vun den zwee Mandater sécheren.

An der Kategorie G (Employéeën, Léierbeoptraagten, Fräiwëlleger an der Arméi a Policeschüler) huet déi gemeinsam Lëscht vun AEE/CGFP (Fachverband vun den Employéeën) an der APBCEE (CGFP Beruffsorganisatioun vum Personal bei der Spuerkeess) déi zwee Mandater fir sech entscheet. Am administrative Beräich A1 huet sech Féduse/Administration-CGFP, géint déi vermeintlech Konkurrenz duerchgesat a behält esou den eenzege Sëtz.

An der mëttlerer Carrière, haten d‘CGFP-Kandidate keng Géigner, an esou ginn déi fënnef Mandater erwaardungsgeméiss un CGFP. Dat selwecht ass de Fall bei der ënneschter Carrière. Ouni Géigekandidaten ass och beim Kultus net gewielt ginn, wourauser sech nach ee Sëtz fir d‘CGFP ergëtt.

E kloert Signal

Dëse beandrockende Wahlerfolleg weist, datt d‘Wieler sech a Krisenzäite méi wéi jee, géint eng gewerkschaftlech Zerspläiterung ausgeschwat hunn. Al eenzeg iwwerparteilech an national representativ Gewerkschaft behält d‘CGFP weiderhin de Bléck fir dat Ganzt.

D‘CGFP bewäert hiert staarkt Ofschneiden och als däitlecht Zeechen un d‘Politik. Bei Uleies vun allgemengem Interessi, déi de Staatsdéngscht betreffen, bleift d‘CGFP en onëmgänglechen Uspriechs- an eenzege Verhandlungspartner fir d‘Regierung. Opgrond vun dësem iwwerwältegende CGFP-Wahlerfolleg steet de Beschäftegten aus dem ëffentlechen Déngscht och an de nächste Joren eng Staark Stëmm zur Säit, fir hien Afloss um politesche Plang geltend ze maachen.

Op dese4r Plaz wëll d‘CGFP alle Wieler fir den androcksvolle Vertrauensbeweis Merci soen. E Merci geet och un déi 44 CGFP-Kandidaten, fir hir Bereetschaft, sech der Wahl ze stellen an hiren onermiddlechen Asaz wärend der Campagne. Fir déi eenzeg Beruffsorganisatioun vum ëffentlechen Déngscht, ass dëst iwwerzeegend Wahlresultat en zousätzlechen Usporn, sech nach méi fir d‘Fuerderunge vun den ëffentlech Beschäftegten anzesetzen.

Déi gréisst zukünfteg Erausfuerderung besteet ouni Zweiwel doranner, déi verheerend wirtschaftlech Folge vun der Coronavirus-Kris ze meeschteren. Grad an dëser schwiereger Zäit sinn déi wäertvoll Erfarungen an dat zolidd Fachwëssen enger staark vereenter Gewerkschaft wéi der CGFP vun entscheedender Wichtegkeet. Als verantwortungsvolle Sozialpartner, trëtt d‘CGFP dofir an, datt all d‘Acteure gläichméisseg derzou bäidroen, déi duerch d‘Pandemie bedéngte Finanzlächer ze stoppen.

A Krisenzäiten huet sech d‘CGFP ëmmer als ee verléisslechen a vernënftege Gespréichspartner erwisen. Dat wäert och de Fall sinn, wann d‘Regierung, trotz de ugespaanter Finanzlag, un der geplangte Steierreform festhält. D‘CGFP wäert en opmierksamt A op d‘Ausaarbechtung vun dësem Virgank behalen. Déi jéngst Kris weist zudeem, wéi wichteg en effiziente Staat an entscheedende Momenter ass. Ugesiichts dëser Tatsaach wäert d‘CGFP mat aller Entschlossenheet géint méiglech Privatiséierungsversich vun ëffentlechen Déngschtleeschtungen, esou wéi géint al Form vu Sozialofbau virgoen.

E weidere Schwéierpunkt op der CGFP-Agenda sinn déi bevirstoend Verhandlungen iwwert dat Gehälterofkommes fir déi ëffentlech Beschäftegt. Des weidere wäert d‘CGFP dofir Suerg droen, datt déi Ofmaachungen am Bezuch op d‘Aarbechtszäitregelung konsequent agehale ginn.

Un Aarbecht an neien Erausfuerderunge mangelt et deemno net. D‘CGFP, déi vun de Wieler ee kloren Optrag erhalen huet, ass bereet all dës Projeten am Interessi vun alle beim Staat beschäftegten, esou wei de Bierger vu Lëtzebuerg mat voller Kraaft virunzedreiwen, dat getrei hirem Wahl-Motto: „Staark an d‘Zukunft“.

Matgedeelt vun der CGFP, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu (archiv)

Related topics Beruffskummerwahlen, CGFP
Next post Previous post