Search

You may also like

Looss dech impfen esoulaang s de et nach fräiwëlleg kanns
Neiegkeeten

Looss dech impfen esoulaang s de et nach fräiwëlleg kanns

D‘Russe waren déi éischt, déi mam Sputnik V ee Vaccin

D’Buerg Useldeng – Een didaktesche Rondwee a kulturellt Erliefnis!
Neiegkeeten

D’Buerg Useldeng – Een didaktesche Rondwee a kulturellt Erliefnis!

Nodeems d’Buerg zu Useldeng laang Zäit vum Amt fir Denkmalschutz

Mat der Police eng Ronn gedréit
Neiegkeeten

Mat der Police eng Ronn gedréit

Am Kontext vum Dialog tëscht dem Minister fir bannenzeg Sécherheet,

D‘Chamber am virtuelle Modus?

D‘Chamber am virtuelle Modus?

Wat maache wann Deputéierter sech mam Covid19 ustiechen an folgerichteg net méi physesch un der Plenière deelhuele kënnen? Op dës Fro huet d‘Verwaltung vun der Chamber eng Äntwert: dës Sëtzunge kënne vun de Betraffene jo virtuell ginn. Bleift ze kläre wéi eng legislativ a konstitutionell Aspekter hei musse berécksiichtegt ginn. Et soll jo kënnen ofgestëmmt ginn…

Um Mëttwoch huet sech d‘Reglementskommissioun vun der Chamber mat dësem jo awer eppes heikelen Thema beschäftegt. Elo soll esou eng Moossnam – also Bedeelegung an Ofstëmmung iwwer den Ëmwee vun den neien Technologien – déi vun der Regierungskoalitioun begréisst a vun den Oppositiounsparteie verworf gëtt, awer net de Prinzip „Visiokonferenz“ generell a Fro stellen.

Säitens der Oppositioun – déi Visiokonferenze fir Chamberkommissioune jo gutt hält – gëtt de Refus mam Artikel 62 vun der Verfassung gerechtfäerdegt. An dësem Textofschnëtt heescht et klipp a kloer: „d‘Chamber kann nëmmen eng Resolutioun ergräifen, wann d‘Majoritéit vun de Membere versammelt ass“. An hei ass et dann d‘Definitioun „Versammelt“ déi den Debat zolidd animéiert.

Ass een am Kontext vun enger Visiokonferenz versammelt? An dat och am Sënn wéi d‘Verfassung et bestëmmt huet? D‘Oppositiounsparteien hunn do Zweiwel, och wann dat internt Reglement vun der Chamber ugepasst gouf, fir eng Bedeelegung op Distanz ze erméiglechen. D‘Oppositioun gesäit heiranner ee geféierleche Prezedenzfall, deen eng Rei „Texter“ an d‘Verfassung géif a Fro stellen

Dat heescht, datt d‘Oppositioun keng „Interpretatioun“ vum konstitutionellen Text zouloosse wëll an sech drop behaapt, datt en demokrateschen Debat nëmmen am Kontext vun der physescher Presenz ka stattfannen, an net wéi hei suggeréiert vun der Couch aus. Si weisen och drop hin, datt wann Enseignante och a Quarantaine musse Schoulhalen, dat och Deputéierten zouzemudden ass.

Et soll ee mat senger Zäit liewen

Säitens der Koalitioun gëtt et wéineg Versteesdemech fir d‘Argumentatioun vun der Oppositioun. Si ass dëser Prozedur éischter favorabel opgestallt. Och den Argumenter vun DP, LSAP an déi gréng kann een awer eppes ofgewannen… Et géif genuch Erfarungswäerter betreffend den Ëmgang mat den neien Technologien, fir datt d‘Zouschalte vun Deputéierten, déi net physesch un enger Plenière deelhuele kënnen, kee Problem sollt duerstellen. D‘Transparenz wier esou och beim Vott gewäert.

Vun der Majoritéit gëtt nach preziséiert, datt et sech bei dëser Uwennung, ëm eng zäitlech streng begrenzte Mesure handelt, an nëmme genotzt soll ginn, wann all aner Optioun ausgeschëpft ginn ass. Weider heescht et, datt een net aus der Distanz deelhuele kann, wann d‘Ursaachen anerer sinn wéi d‘Pandemie. Et gouf och nach d‘Situatioun opgeworf, an där eng ganz Fraktioun oder politesch Sensibilitéit ënner Quarantaine gestallt géif. Dat ass wuel eppes mat den Hoer erbäigezunn…

Fir de President vun der Reglementskommissioun vun der Chamber, Roy Reding (ADR) dierf d‘Majoritéit hei elo net vergiessen, datt déi Deputéiert nach ëmmer d‘Méiglechkeet hunn mëttels Prokuratioun hir Vott ofzeginn. Dat geet esouguer iwwert den Ëmwee vun engem Deputéierten aus enger anerer Fraktioun oder politescher Sensibilitéit. Esou gesäit den Affekot hei och net den Interêt vum Recours op d‘Visiokonferenz. An et stellt sech natierlech och nach d‘Fro vum Quorum.

E Gesetz kann an der Chamber nëmme gestëmmt ginn, wann et mindestens 31 Deputéierter am Sall huet. Och dat war eng vun de Froen, déi et ze beäntwerte gëllt. Géif et beispillsweis schonn duer goen, wann 31 Deputéierter „online“ sinn? Oder mussen net awer 31 Leit physesch an der Chamber sëtzen? Eng Äntwert op all dës Froen huet et nach net, mee et géif awer un engem Text gebastelt, mat deem een déi entspriechend Modifikatiounen um Chambersreglement kéint virhuelen.

Illustratioun: Eigentlech gëtt et genuch technologesch Moyene fir sech physesch aus de Féiss ze goen, woubäi se net all sécher sinn. Fir de rengen „Debat“ oder „Austausch“ sollt et wuel ëmmer duergoen, mee wann et drëms geet Decisioune mëttels engem Vott ze bestätegen, sollt de System scho sécher sinn. © Gabriel Benois / unsplash

Related topics Chamber, Covid19-Pandemie, nei Technologien, Plenière, Verfassung, Visiokonferenz
Next post Previous post