Search

You may also like

Den US-President huet eng Iddi: „Eng Solar-Mauer als Grenz“
Neiegkeeten

Den US-President huet eng Iddi: „Eng Solar-Mauer als Grenz“

Den Donald Trump huet um Mëttwochowend am Iowa, op engem

Libr’art: Kënschtler sinn ass net ëmmer einfach, ausstellen awer och net
Neiegkeeten

Libr’art: Kënschtler sinn ass net ëmmer einfach, ausstellen awer och net

Ausstellungen an Muséeën ze besichen ass wäertvoll vir eis Kultur

Animal Rights March – Fir méi Respekt fir ALL Liewewiesen!
Neiegkeeten

Animal Rights March – Fir méi Respekt fir ALL Liewewiesen!

Um vergaangene Samschdeg ass an der Stad Lëtzebuerg déi zweet

Chamber: Chargéierte Programm um Freideg

Covid19-Gesetzer sinn an der gemeinsamer Sëtzung vun de Gesondheet- a Justizkommissiounen op de Leescht geholl ginn

Chamber: Chargéierte Programm um Freideg

Schonn e Méindeg sollen eis Deputéiert déi vun der Regierung virgeluechte Covid19-Gesetzer (7606 / 7607) unhuelen. Elo huet et dozou eng Rei Avise ginn, op déi een an den zoustännege Kommissiounen huet missen agoen. Der Einfachheet hallwer gouf sech drop verstännegt béid Kommissiounen, d‘Gesondheet an d‘Justiz zesumme siegéieren ze loossen.

Am Mëttelpunkt vun den Diskussioune stoung dann och nach ëmmer de Passage am Text, bei deem gereegelt soll ginn, datt eng Persoun déi sech mam Virus infizéiert huet an entweder sech net wëll oder net kann „isoléieren“. Nach ass et esou, datt de Direkter vun der Santé. Den Dr. Paul Schmit oder säin Delegéierten dat aus eegener Kraaft soll entscheede kënnen. Dat gouf esou dann och scho vum Staatsrot monéiert, déi hei d‘Justiz an der Flicht gesäit.

Datt esou eng Zwangsaweisung an ee Spidol (gëtt een da mat Handschellen un d‘Bett gefesselt?) a méiglecherweis esouguer an eng psychiatresch Struktur net ganz „onproblematesch“ ass, kann ee sech liefhaft virstellen. D‘Regierung huet dann och dem Avis vum Staatsrot Rechnung gedroen an d‘Texter nach emol iwwerschafft, dat besonnesch am Bezuch op d‘Rekursméiglechkeeten, déi der betraffener Persoun zouzegestoe wieren.

Donieft ass et och nach ëm d‘Versammlungsrecht am „private“ Beräich gaangen, wou Lëtzebuerg jo awer déi am mannste restriktiv Oplagen huet. Dat ass zwar souwisou ee Punkt, dee sech um Terrain schwéier kontrolléiere léisst a kee wëll sech virstellen, datt de Sonnerkommando vun der Police eng Wunneng stiermt fir ze iwwerpréiwen op d‘Leit eng Mask unhunn an de recommandéierten Ofstand och anhalen. Trotzdeem soll een dat net ënnerschätzen.

Bei der Begrenzung op 20 Persoune fir Versammlungen am ëffentleche Raum ass eng Kontroll scho méi liicht méiglech, woubäi een hei un d‘Vernonft vun de Leit an de Beamten, déi d‘Lag jo mussen aschätze kënnen, appelléiere sollt. Am grousse ganzen hunn d‘Bierger bis ewell mat vill Disziplin den Unuerdnunge Rechnung gedroen. Haut de Moie wäert de Rapporter vun dëse Gesetzer, de Mars di Bartolomeo (LSAP) iwwer säi Bericht an der Chamber ofstëmme loossen.

Um haitege Samschdeg ginn och nach véier weider Gesetzer vun den Deputéierten ofgeholl. De Vott zu de Covid19-Gesetzer ass jo wei gesot, fir ee Méindeg programméiert. Dës zwee Gesetzer trieden dann een Dag no hirer Verëffentlechung am offizielle Journal a Kraaft, an dat fir d‘Dauer vun engem Mount. Da mussen d‘Texter nach emol virgeluecht ginn, dat méiglecherweis mat Modifikatiounen, déi entspriechend de Evolutioun vun der sanitärer Situatioun hei afléisse kéinten.

Illustratioun: De Premierminister Xavier Bettel (DP) erhofft sech de gréisst méigleche Konsens am Bezuch op d‘Covid19-Gesetzer. Op deen um Freideg an der gemeinsamer Sëtzung vun de genannte Kommissioune konnt fonnt ginn? Dat dierft zum deel haut de Moien am Cercle op der Plëss scho gekläert ginn. © Chambre des Députés/Flickr (Archiv)

Related topics Chamber, Covid19 Gesetzer, Gesetzprojet 7606, Gesetzprojet 7607, Gesondheetskommissioun, Justizkommissioun
Next post Previous post