Search

You may also like

Washington a Peking geroden unenaner (Analys)
Neiegkeeten

Washington a Peking geroden unenaner (Analys)

Wann een dem amerikanesche Krichspresident gleewe kann, dat hätt de

Alkoholiséiert ënnerwee: „Alkohol um Steier kascht Mënscheliewen“
Neiegkeeten

Alkoholiséiert ënnerwee: „Alkohol um Steier kascht Mënscheliewen“

Ganzer 26.000 Mënsche verléieren hiert Liewen all Joer an Europa

surprise
D‘Reform vum Notariat soll déi erhoffte Moderniséierung bréngen
Neiegkeeten

D‘Reform vum Notariat soll déi erhoffte Moderniséierung bréngen

Bei engem „Avantprojet“ vun iwwer 80 Säite fir e Gesetz,

Chamber: D’Viséier ersetzt keng Schutzmask

Chamber: D’Viséier ersetzt keng Schutzmask

Um 1. September 2020 hunn d’Deputéiert aus der Chamber iwwert de Gesetzesprojet 7645 an déi domat verbonne Verlängerung vun de sanitäre Moossnamen am Kampf géint d’Pandemie bis Enn des Jores diskutéiert. Beschwat gouf ënnert anerem, datt e Viséier d’Schutzmask net ersetze kann an datt Fluch- a Busreesgesellschaften demnächst obligatoresch hir Lëschte mat de Passagéier un d’Santé musse schécken.

Enn des Mounts leeft d’Covid-Gesetz, dat Enn Juli a Kraaft getrueden ass, aus. Aktuell wëll een mam Text keng Verschäerfung oder Ophiewung vun de sanitäre Moossname fuerderen, mee eng einfach Verlängerung bis Enn 2020. Dobäi muss ee weiderhin d’Flexibilitéit behalen, fir am Eeschtfall Upassungen duerchzeféieren.

Viséier

Gesondheetsministère / Facebook

D’Moossnamen „missten eis déi néideg Moyene ginn, fir d’Kris am Ufank vum Wanter ze geréieren“, erkläert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert. En Dënschdeg hunn d’Deputéiert hiren Avis zu de proposéierten Ännerunge vum Gesetzesprojet ofginn. Heizou gehéiere folgend Punkten:

  • D’Viséier ersetzt keng Schutzmask: Dësen Outil besëtzt net déi selwecht Eegenschaften an huet och aus medezinescher Siicht net déi selwecht Funktioun, wéi eng Mask. Drëpsen aus Nues a Mond kënnen hei trotzdeem iwwerdroe ginn. Persounen, déi an de spezifesche Situatiounen e Viséier droen, riskéiere soumat eng Strof;
  • Ausname fir d’Droe vun der Mask: Persoune mat Handicap oder eng aner Pathologie, déi mat engem Zertifikat vum Dokter muss bewise sinn, kënne vun der Schutzmask befreit ginn;
  • Sanitär Reserv stäerken: An Zukunft wëll een och aner Professioneller aus der Santé, wéi beispillsweis Psychotherapeuten oder Apdikter, rekrutéieren, déi vum Staat en CDD kréien;
  • Traitement vu perséinlechen Donnéeën erméiglechen: Fir eventuell Reinfektiounen analyséieren ze kënne solle perséinlech Daten 3 Méint gespäichert a pseudonymiséieren (net anonymiséieren) ginn;
  • Obligatorescht Iwwermëttele vu Passagéierlëschten: Fir de Contact-Tracing ze vereinfachen an ze beschleunege solle Fluchgesellschafte gezwonge sinn hir Lëschte mat Passagéier un d’Autoritéite vun der Santé ze schécken. De selwechte Mechanismus soll och fir Busreese gëllen. Bis ewell sinn dës Donnéeë just op Demande iwwermëttelt ginn, wat ze vill Zäit fir den effikassen Tracage geholl huet.
Related topics Ausnamen, Chamber, Contact-Tracing, Covid-Gesetz, Gesetzesprojet 7645, Pandemie, Passagéierlëschten, Paulette Lenert, perséinlech Donnéeën, Sanitär Reserv, Schutzmask, Verlängerung, Viséier
Next post Previous post