Search

You may also like

Sozialversécherung: De Bilan vum Joer 2017
Meenung

Sozialversécherung: De Bilan vum Joer 2017

D’Generelinspektioun vun der Sozialversécherung (IGSS) verëffentlecht säin 43. Rapport zur

Vereinfacht Prozedure beim Contact Tracing
Meenung

Vereinfacht Prozedure beim Contact Tracing

Fir d’Erausfanne vun de Kontakter vun enger positiver Persoun fir de

Op een neit Joer: Treffen tëscht Romain Schneider a „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“
Meenung

Op een neit Joer: Treffen tëscht Romain Schneider a „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“

Bei dem traditionellen Neijoerschechange hunn de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau

D’Chamberleaks weisen, datt Lëtzebuerg nach net ganz an der digitaler Welt ukomm ass

E Kommentar

D’Chamberleaks weisen, datt Lëtzebuerg nach net ganz an der digitaler Welt ukomm ass

Eng Saach wëll ech viraus schécken: De Chambersite ass net gutt! En ze benotzen ass e bësschen, wéi wann ee probéiert mam Neelchen an de Fanger en Zauberwürfel ze léisen. Et deet wéi, an du bass der net sécher, op s de d‘Resultat kriss, wat s de der wënschs. Leider ass een als Journalist gezwongen, en ze benotzen. Ech sinn och dowéinst versicht, d‘Chamberleaks als en Akt vun der Revenge säitens dem Radio 100,7 vis à vis vun chd.lu ze interpretéieren. Falls ech domat richteg leien, bewonneren ech de Pragmatismus dohannert.

Spaass bei Säit: Net nëmmen ass de Site fuerchtbar, mee och d‘Sécherheetsvirkéierungen musse schlecht sinn, wann en einfacht Ännere vun enger URL den Zougrëff op vertraulech Donnéeën erlaabt huet. De Site war 35 Stonnen down, de Radio 100,7 verschafft eng Story no der anerer an d‘Fro steet am Raum, wéi gutt Lëtzebuerg fir déi digital Welt gerëscht ass.

Et gëtt elo op mannst ee gudde Grond méi, et mat der Angscht ze kréien.

Well a mengen An ass et kloer, datt een sech an enger Demokratie soll vernënfteg informéiere kënnen. Egal op den aktuelle Chambersite grad offline oder online ass, en ass ze komplex opgebaut, fir datt e vun der Allgemengheet anstänneg ka genotzt ginn. Wien iwwert den Tellerrand kuckt, gesäit, datt dat besser kéint geléist ginn.

Och dinn d‘Formuléierungen een deelweis wonneren. D‘Journaliste vum 100,7 goufen deelweis wéi Hacker behandelt, wat technesch néierens de Fall ass. Zum Gléck gouf den Toun schnell erof gedréint, mee ech wëll et eng Kéier kloer gesot hunn: De Staat huet dofir ze suergen, datt sensibel Donnéeën geschützt sinn. Virun allem déi, déi e vu senge Bierger sammelt. Eng Géigenattack op déi ze féieren, déi esou Lücken oppen léeën, kann een nëmmen als Oflenkung dovunner verstoen.

Related topics Digitaliséierung, Lëtzebuerg
Next post Previous post