Search

You may also like

Opgepasst! Nei Modalitéite fir d‘Notze vum ADAPTO
Neiegkeeten

Opgepasst! Nei Modalitéite fir d‘Notze vum ADAPTO

Zesumme mam ëffentlechen Transport, gëtt och de Service ADAPTO ab

Teheran räichert nees Uran un
Neiegkeeten

Teheran räichert nees Uran un

Nodeems sech d‘Ajatollahen am Iran en neit Atomgesetz vergënnt hunn,

déi gréng: Elo d’Potential fir eng nohalteg Mobilitéit an der Stad Lëtzebuerg voll ausschëppen!
Neiegkeeten

déi gréng: Elo d’Potential fir eng nohalteg Mobilitéit an der Stad Lëtzebuerg voll ausschëppen!

D’Stad Lëtzebuerg huet um 1. Mäerz mam Stater Mobilitéitsdag de

De Chamberpresident huet ëmmer Recht

De Chamberpresident huet ëmmer Recht

Aus iergendengem Grond gouf viru laanger Zäit emol decidéiert, datt déi eelst vun de Bierger an d‘Chamber gewielte Persoun, d‘Presidence vun dësem héijen Haus iwwerdroe kritt. An hei passt d‘Sekretariat vun der Chamber op, datt wien och ëmmer d‘Charge operluecht kritt, alles esou wéi virgeschriwwe säi Wee geet.

Dat trëfft och op d‘Lektür vun den Dokumenter zou, déi der Chamber virgeluecht ginn. Besonnesch bei de parlamentaresche Froen ass een do eppes genee, et sollen an der Chamber keng Zoustänn wéi um Wirtschaftsministère herrschen. Froen dierf een u sech alles, just wéi ee freet, do gëtt et jo ganz streng Reegelen an déi goufen dann och vum Chamberpresident Fernand Etgen (DP) bei der Fro 3405 vum Deputéierte Marc Goergen (Piraten) ugewannt. Bei déi lénk hat et dat ewell och schonn.

A senger Fro un de Medien- a Kommunikatiounsminister Xavier Bettel (DP) wollt den honorabelen Deputéierten eppes Liicht an d‘Finanzgeflecht vum publizistesche Parteiorgan vun eben där Partei bréngen, deenen de Befroten, wéi och de Vermëttler vun der Fro ugehéieren. Esou eppes awer geet jo elo emol guer net an et dierf een dovunner ausgoen, datt och wann de Chamberpresident ëmmer ee ganz zefriddenen Androck op ChamberTV mécht, hien am presente Fall „not amused“ war.

Et gehéiert sech nu emol net „iwwer Zuelen“ an enger Fro ze diskutéieren, esou wéi een och keng Nimm an eng Fro schreiwen dierf. Dat et do elo kloer an däitlech en Zesummenhang mat der DP huet, ass natierlech Zoufall, an de Fernand Etgen géif selbstverständlech datselwecht Mooss och da gëlle loosse wann et net ëm de propagandistesche Support vun der demokratescher Partei géif goen. De Chamberpresident, wéi de Premierminister si jo streng geholl „politesch neutral“ Acteuren.

Well een dës „Neutralitéit“ leider net ëmmer um éischt Bléck erkenne kann, an et selbstverständlech ass, datt de Staat, d‘Regierung an all déi him verflichte Verwaltungen, jiddereen ëmmer gläich gutt oder schlecht behandelen, ass et vir alle Rumeuren entgéintzewierken imminent wichteg, op den Artikel 82 vum Chambersreglement hinzeweisen. Hei steet datt den Deputéierten op déi essentiell an indispensabel Termen ouni Kommentar zougräifen dierf. Zuelen an enger Fro si jo Verwirrend.

Chamberpresident

Doriwwer eraus musse Froen engem „generellen Interessi“ entspriechen a sollte méiglechst aktuell sinn, firwat dann och judiciéis war, an dësem Reglement festzeleeën, datt et ganz eleng dem vun der Chamber bestëmmte President iwwerlooss ass eng Fro als zoulässeg unzehuelen. Zeréckgewise gëtt allerdéngs seelen eng Fro, mee de Regent vum héijen Haus verweist d‘Fro esoulaang un d‘Schüler, pardon déi Deputéiert zréck, bis et dëse geléngt se esou ze formuléieren, wei hien dat gären hätt.

Dat muss een net gutt fannen, war awer sengerzäit esou vun de Parteien decidéiert ginn. Et huet och ee ganz gudde Grond, datt sech déi Deputéiert „mussen“ un déi vum President vun der Chamber hei ausgeüübten Zensur halen. D‘Parlamentaresch Froen si jo „ëffentlech“ op der Säit vun der Chamber anzegesinn, an wann een do ze vill an den Detail geet, dat kéint dat duerchaus derzou bäidroen, datt et Bierger gëtt déi sech géifen iergeren oder méiglecherweis d‘Fro ze beäntwerte wéissten.

A well jo elo d‘Piraten sech der Zensur vum héchste Bierger am Land gebéit, hir Fro wei am uewe gemaachte „Link“ dann esou wei „diktéiert“ nach emol nei agereecht hunn, wier eigentlech dem Här Chamberpresident alles Rechtens gemaach ginn. Eis wier et eigentlech och egal, woubäi et léif a gutt informéiert Leit huet, déi d‘Original Fro, esou wéi vum Fernand Etgen zenséiert, an d‘Netz stellen. A well datt ganzt esou vu generellem Interessi ginn ass, an hunn et emol opgegraff…

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics Chamber, Chambersreglement, Fernand Etgen, Krautmaart, Zensur
Next post Previous post