Search

You may also like

Casino Luxembourg – Ab e Méindeg nees op
Neiegkeeten

Casino Luxembourg – Ab e Méindeg nees op

De Casino Luxembourg – Fordum d’art contemporain annoncéiert, datt ab

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!
Neiegkeeten

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!

Zwee Méint virum Austrëtt aus der europäescher Unioun, ass dat

De Pierre Gramegna bei eBay, AirBnB a Co.
Neiegkeeten

De Pierre Gramegna bei eBay, AirBnB a Co.

De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna war vum 7. bis den

Educatioun, Juegd a Sport – E puer Prezisiounen no der leschter Chamberssitzung

Educatioun, Juegd a Sport – E puer Prezisiounen no der leschter Chamberssitzung

D’Regierung an och d’Stad Lëtzebuerg hu mat diverse Communiquéen Prezisiounen zur Schoul, der Juegd, de Kantinnen vun Entreprisen a Spideeler, sou wéi zum Sport ginn. D’Informatioune fannt Dir hei drënner zesummegefaasst.

Wiesselklassen fir den Enseignement Secondaire

D’Upassunge vum sougenannte Stufeplang vun de Schoule gëlle vum 30. November bis zur Chrëschtvakanz a bezéie sech op d’Wiesselklassen an de Lycéeën, d’Schoulkantinnen an d’Annulatioune bei de pedagogeschen Ausflich.

Bei der Pressekonferenz vum 12. November 2020 huet den Educatiounsminister Claude Meisch annoncéiert, datt am Fall vun engem partielle Lockdown och déi iewescht Klasse vum Enseignement Secondaire nees a Wiesselklassen iwwerginn, fir esou d’Kontakter an d’Beweegungen tëscht de Jonken ze reduzéieren.

Zu de Wiesselklassen:

Ab dem 30. November wäerte folgend Klassen hallef op Distanz an hallef an der Schoul present sinn:

  • Enseignement Classique: Klasse vun der 4ième, 3ième an 2ième
  • Enseignement Secondaire Général: Klasse vun der 4ième, 3ième an 2ième
  • Formation Professionelle: 4TP, 3TP, 2TP, DP1 an DP2

D’Ofschlossklasse musse weiderhin am Schoulgebai present sinn, fir sech beschtméiglech op d’Examen virzebereeden.

Beim Modell vun de Wiesselklassen (A/B) mussen d’Lycéeën selwer decidéieren, wéi si d’Moossnamen ëmsetzen an d’Klassen opdeelen. Et besteet d’Méiglechkeet d’Schüler vun enger Klass an zwou Gruppen (A an B) ze ënnerdeelen, oder direkt déi ganz Klassen entweder am Schoulgebai, respektiv vun Doheem aus ze ënnerriichten.

De Wiessel kann pro Dag oder pro Woch stattfannen. All Schüler muss obligatoresch um Cours deelhuelen, egal ob vun Doheem aus oder op der Plaz. Dobäi lafen d’Coursen op Distanz iwwert „Teams“ zu den normale Schoulzäiten of. Verschidden Approche si méiglech: D’Filme vum Cours, d’Iwwermëttele vun Powerpoint-Presentatiounen oder Ähnleches. D’Schüler hunn dobäi zu all Ament d’Méiglechkeet mam Enseignant an hire Klassekomeroden ze interagéieren. A fir datt de ganze System och verständlech erkläert ka ginn, kréien d’Schüler an d’Enseignanten e pedagogesche Guide an de Grapp gedréckt.

Wat d’Formation Professionelle ugeet, ginn d’Coursen am Atelier an am Labo privilegéiert fir am Schoulgebai present ze sinn. Theoretesch Coursen sollen op Distanz gehale ginn. Net betraff vun den neie Moossnamen sinn d’Formatiounen an den Entreprisen.

D’Schouljoer 2020/2021 ass fir den Enseignement Secondaire a Semesteren opgedeelt, souwuel fir déi niddreg, wéi och fir déi iewescht Klassen. Dat éischt Semester leeft vum 15. September 2020 bis den 12. Februar 2021, wärend dat zweet Semester um 22. Februar 2021 ufänkt a bis de 15. Juli 2021 dauert.

Chamberssitzung© Thomas Park / Unsplash

Zu de Schoulkantinnen:

Am Enseignement Secondaire bleiwen d’Kantinnen a Cafeteriaen op. Bis zu 4 Persounen dierfen un engem Dësch sëtzen. Fir de Rescht gëllen déi bekannt sanitär Moossnamen.

D’Verdeele vun de sougenannte „Frupstuten“ gëtt ausgebaut, sou datt d’Schüler hiert Iessen mat an dee Klassesall huele kënnen, deen Direktioun hinnen zouweist. Allerdéngs dierfe just 10 Schüler de Contenu vun der Frupstut pro Klassesall zou sech huelen.

Zu de Pedagogeschen Ausflich:

All Ausflich a Visitten am In- an Ausland si fir den Enseignement Fondamental a Secondaire annuléiert. Just pedagogesch Sortien an de Bësch sinn erlaabt. Hei sollt gewosst sinn, datt just 2 Klasse gläichzäiteg esou eng Sortie organiséieren dierfen.

Zum Schoulsport:

Fir déi physesch a mental Gesondheet vun de Schüler oprecht ze erhalen an hinnen déi néideg Beweegung ze bidden huet den Minister Meisch decidéiert, datt d’Schwammcoursen, Sport dobaussen, Beweegung a Gruppe vu maximal 4 Schüler, respektiv individuelle Sport weiderhin erméiglecht ginn.

D’Restauratioun an den Entreprisen gehéiert zu den Ausnamen

Bei der ëffentlecher Sitzung vun der Chamber gëschter ass zum Schluss d’Fro zu de Kandinnen an den Entreprisen, speziell och an de Spideeler opkomm. Et wier wuel zu en Extrait vun engem Echange zu dësem Thema opgedaucht, deen ausgesäit, wéi wann e vun der Santé matgedeelt gi wier. D’Matdeelung kënnt awer weder vum Gesondheetsministère, nach vun der Direktioun vun der Santé.

Esou gouf preziséiert, datt d’Restauratioun fir d’Mataarbechter vun den Entreprisen a Spideeler, genee wéi den Take-Away an d’Heemliwwerungen am gastronomesche Beräich, zu de legalen Ausname gehéiert, déi um 25. November gestëmmt gi sinn.

Klappjuegd verbueden

Bis de 15. Dezember inclus dierft d’Klappjuegd net stattfannen. Ënner dem Respekt vun den sanitäre Moossnamen, déi am Covid-Gesetz festgehale sinn, bleiwen d’Juegd vum Héichsëtz (chasse à l’affût)an d’Pirsch (chasse à l’approche) erlaabt.

Chamberssitzung© Jonathan Kemper / Unsplash

Stad Lëtzebuerg: Informatiounen zu de kulturellen Institutiounen a sportlechen Infrastrukturen

Am Beräich vun der Kultur sinn d’Cinematheik a d’Theatere vun der Stad Lëtzebuerg (Groussen Theater a Kapuzinertheater) ab haut zou, genee wéi och d’Kulturzentren. De Lëtzebuerg City Museum d’Villa Vauban an d’Cité Bibliothéik empfänken d’Visiteuren zu de gewinnten Auerzäiten an ënnert dem strikte Respekt vun de sanitäre Moossnamen. Och de Stater Conservatoire an d’Museksschoulen behalen hir Course bäi.

Wat de Sport ugeet, esou mussen d’Sportshalen an d’Schwämmen ab haut nees fir d’Ëffentlechkeet zoumaachen. Eleng fir schoulesch, périscolaire a parascolaire Aktivitéiten dierfen dës Infrastrukturen genotzt ginn. Dat selwecht gëllt fir d’Äispist op der Cloche d’Or an den Hollerecher Skatepark.

An dësem Kader erënnert d’Stad Lëtzebuerg nach emol drun, datt eng ganz Rëtsch Servicer iwwert d’Säit e-services.vdl.lu disponibel sinn an de Bierger sech net deplacéiere muss. Iwwert den digitale Wee kënnt Dir op folgend Offeren zeréckgräifen:

  • Ëmmeldung – entweder vun enger anerer Lëtzebuerger Gemeng, ënnerhalb vun der Staat oder an d’Ausland (och via myguichet.lu méiglech);
  • D’Ufro vun Zertifikater a Kopien vun Akten zum État Civil;
  • D’Areeche vun der Demande fir de Chèque-Service Accueil;
  • Aschreiwung op Wielerlëschten (via myguichet.lu);
  • D’Ufro vun enger Parkvignette.

Weider Informatioune ginn et op pandemie.vdl.lu.

Opmaacherbild: © Sharon McCutcheon / Unsplash

Related topics Alternenz, Chamber, Chamberssitzung, Covid-19, Distanz, Educatioun, Entreprisen, Juegd, Kantinn, Klappjuegd, Lycée, Prezisiounen, Schoulsport, Schwammcours, Spideeler, Stad Lëtzebuerg, Wiesselklassen
Next post Previous post