Search

You may also like

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 15. November 2020
Auto Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 15. November 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

D’Saison vun den Harespelen – Enn oder Héichpunkt?
Auto Neiegkeeten

D’Saison vun den Harespelen – Enn oder Héichpunkt?

Den Héichsummer bedeit fir munch Harespelzorten den Ufank vum Enn

Mënscherechter: EU weiter am Sträit mat Aserbaidschan
Auto Neiegkeeten

Mënscherechter: EU weiter am Sträit mat Aserbaidschan

Um Sonndeg huet d’EU Aserbaidschan opgefuerdert direkt déi verhaften Oppositionell,

Chantier op der A1 tëscht den Echangeure Mënsbech a Sennengerbierg (02.-05.07.2021)

Chantier op der A1 tëscht den Echangeure Mënsbech a Sennengerbierg (02.-05.07.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt op der A1 tëscht dem Echangeur Mënsbech an Echangeur Sennengerbierg en neien Tapis geluecht gëtt. Aus dësem Grond kënnt et vu Freides, den 2. Juli géint 19 Auer bis Méindes, de 5. Juli géint 6 Auer zu Spärungen an Ëmleedungen.

Esou wäerte folgend Streckenofschnëtter gespaart sinn:

  • D’A1 a Richtung Gaasperech tëscht dem Echangeur Mënsbech an Echangeur Sennengerbierg;
  • D’Bretelle vum Accès vum Echangeur Mënsbech, wann ee vum CR132 kënnt an a Richtung A1 fir op Gaasperech kënnt;
  • D’Bretelle vum Accès vum Echangeur Cargo-Center, wann ee vum Rondpoint Cargo-Center kënnt an a Richtung A1 fir op Gaasperech fiert.

D’Ëmleedunge gesi folgendermoossen aus:

  • Den Trafic, dee vun der A1 kënnt an a Richtung Gaasperech ënnerwee ass, gëtt ëmgeleet iwwert den Echangeur Mënsbech vun der A1, den CR132, d’N1 an den Echangeur Sennengerbierg mat Retour op d’A1;
  • Den Trafic, dee vum CR132 kënnt an a Richtung A1 fir op Gaasperech fiert, gëtt iwwert den Echangeur Mënsbech, den CR132, d’N1 an den Echangeur Sennengerbierg ëmgeleet;
  • Den Trafic, dee vum Rondpoint Cargo-Center kënnt an a Richtung A1 fir op Gaasperech ënnerwee ass, gëtt ëmgeleet iwwert den Echangeur Cargo-Center, d’A1, den Echangeur Mënsbech, den CR132, d’N1 an den Echangeur Sennengerbierg.

Chantier op der A1 tëscht den Echangeure Mënsbech a Sennengerbierg

D’Preparatioune vum Chantier wäerte schonn e puer Stonnen am viraus ufänken. Am spéiden Freideg Nomëtteg kann et domat zu Stéierungen am Verkéier kommen.

Related topics A1, Cargo-Center, Chantier, Echangeur Mënsbech, Echangeur Sennengerbierg, Ëmleedung, Neien Tapis, Stroossebauverwaltung, Stroossebelag
Next post Previous post