Search

You may also like

UNESCO Molconcours – D’Jugend zeechent de Weltierwen
Neiegkeeten

UNESCO Molconcours – D’Jugend zeechent de Weltierwen

Um Freideg, de 7. Juni 2019 ass an der Stater

What the Fakt – Den Internationalen Dag vum Pinguin!
Neiegkeeten

What the Fakt – Den Internationalen Dag vum Pinguin!

Um 25. Abrëll feiert d’Welt de Villchen, deen net fléie

D’Jonk Sozialisten zu den Aarbechtskonditiounen vun den essentielle Secteuren
Neiegkeeten

D’Jonk Sozialisten zu den Aarbechtskonditiounen vun den essentielle Secteuren

Ugesiichts der sanitärer Kris, déi duerch de Covid-19-Virus bestëmmt gëtt,

Chantier op der A1 tëscht den Echangeuren Sennengerbierg an Hamm (11.-14.06.2021)

Chantier op der A1 tëscht den Echangeuren Sennengerbierg an Hamm (11.-14.06.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt tëscht dem Echangeur Sennengerbierg an dem Echangeur Hamm op der A1 en neien Tapis geluecht an den Entretien vum Mëttelsträifen duerchgefouert gëtt. Dës Aarbechte wäerte vu Freides, den 11. Juni géint 21 Auer bis Méindes, de 14. Juni géint 6 Auer daueren.

An dësem Kader wäerte folgend Stroossenofschnëtter gespaart sinn:

  • D’A1 a Richtung Gaasperech tëscht dem Echangeur Sennengerbierg an dem Echangeur Hamm;
  • D’Bretelle vum Accès vum Echangeur Kierchbierg, wann ee vun der N51 kënnt an a Richtung A1 op Gaasperech fiert;
  • D’Bretelle vun der Jonctioun Gréngewald, wann ee vun der A7 kënnt an a Richtung A1 op Gaasperech fiert.

D’Ëmleedung gesinn folgendermoossen aus:

  • Den Trafic, dee vun der A1 a Richtung Gaasperech kënnt gëtt mat der Deviatioun „D4“ iwwert den Echangeur Sennengerbierg vun der A1, d’N1, d’N1A, d’N2A an den Echangeur Hamm mat Retour op d’A1 ëmgeleet;
  • Den Trafic dee vun der N51 an der A7 kënnt a Richtung A1 fir op Gaasperech gëtt och iwwert „D4“, allerdéngs iwwert den Echangeur Kierchbierg, respektiv d’Jonctioun Gréngewald vun der A1, den Echangeur Sennengerbierg, d’N1, d’N1A, d’N2A an den Echangeur Hamm mat Retour op d’A1 ëmgeleet;
  • Den Trafic dee vun der A1 kënnt fir op Gaasperech an a Richtung Echangeur Kierchbierg fiert, gëtt ëmgeleet iwwert de Bypass vum Echangeur Sennengerbierg, vu wou aus de Retour op d’A1 a Richtung Echangeur Kierchbierg méiglech ass;
  • Den Trafic dee vun der A1 kënnt fir bei d’Jonctioun Gréngewald an a Richtung A7 fir bei de Friedhaff gëtt ëmgeleet iwwert de Bypass vum Echangeur Sennengerbierg vu wou aus de Retour op d’A1 a Richtung Jonctioun Gréngewald nees méiglech ass.

Chantier op der A1

D’Preparatioune vun den Aarbechte wäerte schonn um spéiden Nomëtteg vum 11. Juni lassgoen, wouduerch mat Stéierungen am Verkéier gerechent ka ginn.

Related topics A1, Chantier, Echangeur Hamm, Echangeur Sennengerbierg, Ëmleedung, Entretien, Neie Stroossebelag, Neien Tapis, Spärung, Stroossebauverwaltung
Next post Previous post