Search

You may also like

OPGEPASST: Salmonellen an der katalanescher Wurscht vu SOLA
Neiegkeeten

OPGEPASST: Salmonellen an der katalanescher Wurscht vu SOLA

D’Autoritéite vun der Liewensmëttelsécherheet deele mat, datt sech an der

Dem „schlechte Beholl“ entgéintwierken
Neiegkeeten

Dem „schlechte Beholl“ entgéintwierken

Well net nëmmen an der Stad Leit gëtt, déi et

Chantier op der A6 – et geet weider mat den Deviatiounen!
Neiegkeeten

Chantier op der A6 – et geet weider mat den Deviatiounen!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt vu Freides, den 17. Mee géint

Chantier op der Autobunn A13 tëscht den Echangeure Keel a Schëffleng (28.02.2021)

Chantier op der Autobunn A13 tëscht den Echangeure Keel a Schëffleng (28.02.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, dass d’Aarbechten um „Bowstring Schifflange“ an hir zweet Phase ginn. Aus dësem Grond kënnt et op der Autobunn A13 tëscht dem Echangeur Keel an dem Echangeur Schëffleng a Richtung Péiteng zum Chantier.

Vun e Sonndeg, den 28. Februar 2021 géint 8 Auer bis ongeféier 22 Auer wäert de genannte Streckenofschnëtt fir de Verkéier gespaart sinn. D’Ëmleedung verleeft iwwert den CR165, den CR164, den CR168 an den CR169 bis op den Echangeur Schëffleng mat Retour op d’Autobunn A13.

Wärend dëser Period wäert den entgéint kommende Verkéier tëscht den Echangeure Schëffleng a Keel a Richtung Schengen op eng Spur reduzéiert ginn. Déi maximal zougeloosse Vitesse läit bei 70 km/h.

Chantier op der Autobunn A13

Duerch d’Preparatiounsaarbechte kann et schonn e puer Stonnen am viraus zu Stéierungen am Verkéier kommen.

Dës weidere gouf matgedeelt, dass déi éischt Phas vun den Rehabilitatiounsaarbechten vum 28. Februar 2021 géint 22 Auer bis Mëtt Juni 2021 dauere wäerten.

Related topics Autobunn A13, Bowstring, Chantier, Echangeur Keel, Echangeur Schëffleng, Ëmleedung, Stroossebauverwaltung
Next post Previous post