Search

You may also like

Nei Fuerplang fir déi städtesch Busser
Neiegkeeten

Nei Fuerplang fir déi städtesch Busser

D‘Stad Lëtzebuerg Informéiert d‘Bierger, datt ab dem Sonndeg 13. September,

EU-Sommet: Et brennt ee Liicht um Enn vum Tunnel
Neiegkeeten

EU-Sommet: Et brennt ee Liicht um Enn vum Tunnel

Stonnelaang hunn d‘Staats- a Regierungscheffe vun der Unioun iwwer Finanzhëllefen,

Stater Gare – Bouneweg: Schléissung vun der Passerell bis den 13. September 2021
Neiegkeeten

Stater Gare – Bouneweg: Schléissung vun der Passerell bis den 13. September 2021

Eréischt viru kuerzem sinn eng Rei Ännerunge beim ëffentlechen Transport

Chantier tëscht den Echangeuren Helfenterbréck a Briddel (17.-20.09.2021)

Chantier tëscht den Echangeuren Helfenterbréck a Briddel (17.-20.09.2021)

De Stroossebelag op der A6 muss erneiert ginn. Fir datt dës Aarbechte stattfanne kënnen, entsteet e Chantier a Richtung Belsch tëscht den Echangeuren Helfenterbréck a Briddel. Och d’Virbereedungsaarbechte fir d’Deviatioune kënnen zu liichte Behënnerungen am Verkéier féieren.

Vum Freideg, de 17 September (géint 20 Auer) bis e Méindeg, 20. September 2021 (bis 6 Auer) sinn e puer Spärungen an Deviatiounen ze erwaarden.

Folgend Spärungen trieden a Kraaft:

  • D’Autobunn A6 Richtung Belsch tëscht den Echangeuren Helfenterbréck a Briddel si gespaart.
  • D’Bretelle zum Echangeur Stroossen a Richtung Belsch ass gespaart.
  • D’Bretelle zum Echangeur Briddel a Richtung Belsch ass gespaart.

Esou verlafen d‘Ëmleedungen:

  • De Verkéier op der A6 tëscht den zwee Echangeure gëtt bidirektional bedriwwen. D’Héchstvitesse ass op 70 Kilometer an der Stonn beschränkt.
  • De Verkéier, dee vun der CR181 a Richtung Belsch kënnt, gëtt iwwert den Echangeur Briddel iwwert CR181, N6 sou wéi den Echangeur Mamer ëmgeleet.
  • De Verkéier, dee vun der N6 op d’A6 a Richtung Belsch kënnt, gëtt iwwert den Echangeur Stroossen, d’A6 a Richtung Gaasperech, d’N34 sou wéi dem Echangeur Helfenterbréck ëmgeleet.

Chantier A6

Related topics A6, Chantier, Echangeur Briddel, Echangeur Helfenterbréck, Ëmleedungen, Neie Stroossebelag, Spärungen
Next post Previous post