Search

You may also like

Den ACL verdeedegt eng Politik vun der globaler Mobilitéit
Kultur Neiegkeeten

Den ACL verdeedegt eng Politik vun der globaler Mobilitéit

Am Kontext vun de Chamberwahlen am Oktober, huet sech den

Beneficiaire vum internationale Schutz hunn och Rechter
Kultur Neiegkeeten

Beneficiaire vum internationale Schutz hunn och Rechter

Zum Optakt vun der Presentatioun vum Rapport vun der Consultativer

Eng Presidenten-Tripartite fir de Fridden a Syrien
Kultur Neiegkeeten

Eng Presidenten-Tripartite fir de Fridden a Syrien

Um Mëttwoch hunn sech d‘Presidente vum Iran, Russland an der

Chantier Abstrait / To be continued – Bis den 28. Mäerz am CAW zu Walfer

Si sinn haart, féieren oft zu Verkéierschaos an eigentlech ass ee frou, wa se bis fäerdeg sinn. Déi wéinegst Mënschen erfreeë sech un der Optik vun engem Chantier. Ganz anescht gesäit dat de Julien Hübsch. Mat senger Expo „Chantier Abstrait / To be continued“ beweist hien, dass esou Schantercher hir eege speziell Uerdnung a Schéinheet opweisen, voller geographesche Mierkmoler a Spannung wat de Fortschrëtt bréngt.

Fir seng Installatioune bedéngt de Kënschtler sech u verschiddenste Materialien, schenkt hinnen dobäi eng aner Opmierksamkeet. Vum Styropor a Plastiksbaatschen, iwwert Stroosseschëlter an Ofspärband bis hin zu Neonstuben a Plättercher, de jonke Lëtzebuerger Artist zitt seng Inspiratioun aus Chantieren a stellt seng Kompositiounen an een urbane Kontext. A well un allen Ecker vun eisem Land geschafft gëtt, huet hien nawell groussen Input.

Besonneschen Interessi weist de Julien Hübsch am geopolitesche Kontext. Ënnerscheeder an de Faarwe, Formen a Moossen agéiere wéi eng geographesch an zäitlech Referenz. Wat vu Lëtzebuerger Schantercher nëmmen ze gutt bekannt ass, huet an eisen Nopeschlänner eventuell en anert Ausgesinn. Esou kritt beispillsweis säi Wierk „Schildl“ ee vill méi déiwen Hannergrond, wéi et ufanks schéngt.

Chantier Abstrait„Schild_1“ (51x50x4) – et schéngt vläicht onscheinbar, huet et awer a sech © Shari Pleimelding/moien.lu

E weidere Schwéierpunkt läit am Beräich vun der Entwécklung. Den Zoustand, wann a wéi eppes entsteet, sou wéi de generelle Fortschrëtt stelle sech als spannend Konzept eraus. Och de Kënschtler wandelt verschidde Wierker ëm an entwéckelt se weider. Bei senger Participatioun un der Cueva am Bâtiment 4 zu Esch-Uelzecht huet hien zum Beispill beim Ofriichte verschidde Stécker vum Raum matgeholl, wouduerch mam Material en naturhistoresche Kontext entsteet – anescht gesot: Een Deel Minett läit elo zu Walfer.

Kombinéieren deet de Julien seng Konscht ëmmer nees mat Elementer aus dem Graffiti. Virun allem d’Elipse, respektiv d’Mandel-Form a seng verschidden Ofwandlungen widderhuele sech, genee wéi d’Faarwespill aus Blo, Rout a Giel. Zu gudder Lescht ass et dann den Zoufall, duerch deen d’Expo elo esou opgebaut ass, wéi een se bis Enn Februar ka gesinn.

Chantier Abstrait„Ech sinn zu Esch gebuer. Et war quasi ofzegesinn, dass ech iergendwann eppes mat Chantiere géif maachen“, gëtt de Julien mat engem Grinsen zou © Shari Pleimelding/moien.lu

Weider Informatiounen

De Gemengen- a Schäfferot vu Walfer, sou wéi natierlech de Julien Hübsch sinn houfreg, Iech op d’Expo „Chantier Abstrait / To be continued“ am CAW (5, route de Diekirch L-7220 Walfer) invitéieren ze dierfen. Et ass op vun en Donneschdeg, de 25. Februar bis e Sonndeg, den 28. Mäerz (Donneschdes a Freides vu 15:00 bis 19:00 Auer, Samschdes a Sonndes vu 14:00 bis 18:00 Auer).

Och guidéiert Visitte ginn ugebueden, a bei eventuelle Froe steet den Artist Iech Ried an Äntwert. Den Entrée ass gratis an déi aktuell sanitär Moossname musse respektéiert ginn.

Mir wënsche vill Freed bei der Visitt!

Dir wëllt méi zum Kënschtler gewuer ginn? Da kuckt emol laanscht op senger Internetsäit julienhuebsch.com, Facebook an Instagram.

Uewe fannt Dir eng Billergalerie zur Expo © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics CAW, Chantier Abstrait / To be continued, Entwécklung, Expo, Fortschrëtt, geopolitesche Kontext, Julien Hübsch, Schantjen, Walfer
Next post Previous post