Search

You may also like

Lacrosse: Blacksmiths gewanne 14-5 géint Namur Knights!
Neiegkeeten

Lacrosse: Blacksmiths gewanne 14-5 géint Namur Knights!

Lacrosse zu Lëtzebuerg? Jo dat gëtt et! A leschte Sonndeg

Dikrecher Young Boys vum SC Beetebuerg op d‘Plaz verwisen
Neiegkeeten

Dikrecher Young Boys vum SC Beetebuerg op d‘Plaz verwisen

Et war ee wuel interessante Match dee gëschter an der

Analys: Eng kloer politesch Linn
Neiegkeeten

Analys: Eng kloer politesch Linn

Ass d‘Kand bis an de Bur gefall, sollt ee mengen

Chantier op der Autobunn A1 Héicht Däitsch-Lëtzebuerger Grenz (10.-13.07.2020)

Chantier op der Autobunn A1 Héicht Däitsch-Lëtzebuerger Grenz (10.-13.07.2020)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, et duerch d’Ewechhuele vu Iwwerdaach op der däitsch-Lëtzebuerger Grenz (A1) zu Spärungen an Ëmleedunge komme wäert. D’Aarbechten dauere vu Freides, den 10. Juli 2020 géint 11:30 Auer bis Méindes, den 13. Juli géint 5:00 Auer.

Spärungen:

  • Autobunn A1 op der Héicht vun der Däitsch-Lëtzebuerger Grenz, wann ee vun Tréier kënnt an a Richtung Stad fiert;
  • Den CR141B tëscht dem Rondpoint an der Aire de Wasserbillig a Richtung Tréier (A1);
  • Den CR141B, wann ee vum Parking vun der Aire de Wasserbillig kënnt an a Richtung Rondpoint vum CR141B fiert;
  • Den CR141B, wann ee vum P+R kënnt an a Richtung Tréier (A1) ënnerwee ass.

Ëmleedungen:

  • Den Trafic vun der A1, dee vun der Däitsch-Lëtzebuerger Grenz kënnt gëtt a béid Richtungen iwwert de Bypass vun der Aire de Wasserbillig ëmgeleet;
  • Den Trafic, dee vum CR141B (Waasserbëlleg) an dem P+R kënnt an a Richtung Grenz iwwert d’A1 fiert, gëtt am dem Echangeur Waasserbëlleg iwwert den Echangeur Mäertert, d’N1 an d’N1 mat Retour op d’A1 a Richtung Grenz ëmgeleet;
  • Den Trafic, dee vum Parking vun der Aire de Wasserbillig kënnt an a Richtung Rondpoint vum CR141B fiert, gëtt a béid Richtungen iwwert d’A64 bis bei den Echangeur Tréier mat Retour Richtung Lëtzebuerg ëmgeleet.

A1

Weider Informatioune ginn et op www.cita.lu.

Related topics A1, Aire de Wasserbillig, Chantier, Däitsch-Lëtzebuerger Grenz, Ëmleedungen, Iwwerdach, Spärungen, Tréier
Next post Previous post