Search

You may also like

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 7. bis den 13. Juni 2021
Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 7. bis den 13. Juni 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt, sech

Performant an asazbereet: De CGDIS freet sech op 44 nei Gefierer!
Neiegkeeten

Performant an asazbereet: De CGDIS freet sech op 44 nei Gefierer!

Geet et ëm eis Sécherheet a Rettung, esou ka Lëtzebuerg

BnL: Wou eng Dier zougeet, geet nees eng Nei op!
Neiegkeeten

BnL: Wou eng Dier zougeet, geet nees eng Nei op!

D’Nationalbibliothéik vu Lëtzebuerg (BnL) informéiert doriwwer, datt dat alt Gebai

Chantier op der Autobunn A1 Héicht Däitsch-Lëtzebuerger Grenz (17.-20.07.2020)

Chantier op der Autobunn A1 Héicht Däitsch-Lëtzebuerger Grenz (17.-20.07.2020)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, et duerch d’Ewechhuele vu Iwwerdaach op der däitsch-Lëtzebuerger Grenz (A1) zu Spärungen an Ëmleedunge komme wäert. D’Aarbechten dauere vu Freides, den 17. Juli 2020 géint 11:00 Auer bis Méindes, den 20. Juli géint 5:00 Auer.

Spärungen:

  • Autobunn A1 op der Héicht vun der Däitsch-Lëtzebuerger Grenz, wann ee vun Tréier kënnt an a Richtung Stad fiert;
  • Den CR141B tëscht dem Rondpoint an der Aire de Wasserbillig a Richtung Tréier (A1);
  • Den CR141B, wann ee vum Parking vun der Aire de Wasserbillig kënnt an a Richtung Rondpoint vum CR141B fiert;
  • Den CR141B, wann ee vum P+R kënnt an a Richtung Tréier (A1) ënnerwee ass.

Ëmleedungen:

  • Den Trafic vun der A1, dee vun der Däitsch-Lëtzebuerger Grenz kënnt gëtt a béid Richtungen iwwert de Bypass vun der Aire de Wasserbillig ëmgeleet;
  • Den Trafic, dee vum CR141B (Waasserbëlleg) an dem P+R kënnt an a Richtung Grenz iwwert d’A1 fiert, gëtt am dem Echangeur Waasserbëlleg iwwert den Echangeur Mäertert, d’N1 an d’N1 mat Retour op d’A1 a Richtung Grenz ëmgeleet;
  • Den Trafic, dee vum Parking vun der Aire de Wasserbillig kënnt an a Richtung Rondpoint vum CR141B fiert, gëtt a béid Richtungen iwwert d’A64 bis bei den Echangeur Tréier mat Retour Richtung Lëtzebuerg ëmgeleet.

A1

Related topics A1, CR141B, Däitsch-Lëtzebuerger Grenz, Ëmleedung, Iwwerdach, Lëtzebuerg, Spärung, Stroossebauverwaltung, Tréier
Next post Previous post