Search

You may also like

Coronavirus: Eng Situatiounsiwwersiicht
Neiegkeeten

Coronavirus: Eng Situatiounsiwwersiicht

An Italien wou d‘Verbreedung vum Coronavirus dramatesch zouhëlt, huet d‘Regierung

Och de Wochemaart feiert seng Rentrée
Neiegkeeten

Och de Wochemaart feiert seng Rentrée

Um Freideg ass zu Esch Uelzecht eng vun den eelef

Halen d‘Japaner un den olympesche Spiller fest?
Neiegkeeten

Halen d‘Japaner un den olympesche Spiller fest?

Wärend zu Tokio déi lescht Handgrëffer op de Chantiere gemaach

Chantier op der Autobunn A13 ab e Freideg!

Chantier op der Autobunn A13 ab e Freideg!

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt op der Autobunn A13 tëscht dem Echangeur Altwis an dem Echangeur Munneref a béid Richtungen de Stroossebelag nei gemaach gëtt. Dëse Chantier fänkt Freides, den 13. September géint 20:00 Auer un an dauert bis Méindes, de 16. September 2019 géint 6:00 Auer.

Autobunn A13

  • Opgrond vun dësem Chantier ass d’A13 tëscht dem Echangeur Munneref an dem Echangeur Altwis, wann ee vu Schengen kënnt an a Richtung Beetebuerger Kräiz fiert gespaart. Och d’Opfaart vum Echangeur Munneref (S12), wann ee vun der N16 kënnt an a Richtung Beetebuerger Kräiz fiert ass zou.
  • Den Trafic, dee vu Schengen an Elleng kënnt an a Richtung Beetebuerger Kräiz fiert gëtt ab dem Echangeur Munneref (S12) iwwert d’N16 bis bei den Echangeur Altwis ëmgeleet, mat Retour op d’Autobunn A13.

Fir d’Preparatiounsaarbechte gëtt d’Autobunn schonn eng Zäitche virum eigentleche Chantier gespaart, wouduerch et um Owend zu Stéierungen am Verkéier komme kann. Weider Informatioune ginn et op www.cita.lu.

Related topics Autobunn A13, Chantier, Echangeur Altwis, Echangeur Munneref, Stroossebauverwaltung, Stroossebelag, Trafic, Verkéier
Next post Previous post