Search

You may also like

What the Fakt: Internationalen „Gëff dengem Vëlo een Numm“ Dag
Neiegkeeten

What the Fakt: Internationalen „Gëff dengem Vëlo een Numm“ Dag

Nom kuriose Feierdag, wou een sengem Auto een Numm sollt

Moskau: Internet nach just iwwer russesch Server?
Neiegkeeten

Moskau: Internet nach just iwwer russesch Server?

An der russescher Duma (Parlament) soll e Gesetzprojet ugeholl ginn,

ULC-Petitioun kritt um Krautmaart gréng Luucht
Neiegkeeten

ULC-Petitioun kritt um Krautmaart gréng Luucht

D’Petitioun vum Konsumenteschutz (ULC) géint déi ongerecht an onsozial Bankfraise

Chantier an der Avenue de la Faïencerie (26.08.-12.09.2020)

Chantier an der Avenue de la Faïencerie (26.08.-12.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt am Kader vun engem Chantier vun der POST an der Avenue de la Faïencerie e puer Ännerungen am Verkéier a beim ëffentlechen Transport ustinn. D’Aarbechten dauere vu Mëttwochs, de 26. August 2020 um 7:00 Auer bis Samschdes, den 12. September 2020 um 17:00 Auer

A Richtung a bis bei d’Rue Batty Weber wäert d’Avenue de la Faïencerie wärend der gesamter Dauer vum Chantier zur Eebunnsstrooss ginn. Den Zirkulatiounsservice këmmert sech ëm déi noutwenneg Beschëlderung.

Linn 3 an 30 vun de Stater Bussen: D’Arrêten Batty Weber, Uni Campus Limpertsberg, Ermesinde, Henri VII a Faïencerie – INL a Richtung Zentrum a Bouneweg entfalen. Si ginn ersat duerch d’Haltestelle N.S. Pierret, Alfred de Musset an Allée Scheffer vun der Linn 19 an der Avenue Pasteur.

Faïencerie

D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Related topics Aarbechten, Avenue de la Faïencerie, Chantier, Eebunnsstrooss, Ëffentlechen Transport, Ëmleedung, Post, Spärung, Stad Lëtzebuerg, Verkéier
Next post Previous post