Search

You may also like

Israel vum Variant-Delta gepréift
Neiegkeeten

Israel vum Variant-Delta gepréift

An Israel stellt sech den Inder ënnert de Varianten de

Washington vergräift sech am Toun an um internationale Geriichtshaff
Neiegkeeten

Washington vergräift sech am Toun an um internationale Geriichtshaff

D‘USA hunn sech um Méindeg an enger nach ni dogewieschter

Bei de Parlamentswahlen an der Ukrain läit dem Selenski seng Partei virop
Neiegkeeten

Bei de Parlamentswahlen an der Ukrain läit dem Selenski seng Partei virop

Nodeems de Komiker Wolodymyr Selenski am Abrëll d‘Presidentschaftswahle gewonnen hat,

Chantier: Spärung um Boulevard Franklin D. Roosevelt

Chantier: Spärung um Boulevard Franklin D. Roosevelt

D’Stad Lëtzebuerg informéiert d’Bierger doriwwer, datt am Kader vun de Luxtram’s-Aarbechten de Boulevard Franklin D. Roosevelt tëscht der Bréisseler Plaz an der Rue Philippe II endgülteg nei gemaach gëtt. Um 29. an 30. Oktober kënnt et dofir zu enger Rei Ännerungen am Verkéier.

D’Stroossenaarbechte fänken Dënschdes, den 29. Oktober 2019 um 22:00 Auer un a wäerte bis Mëttwochs, den 30. Oktober um 5:00 Auer daueren. Duerch dëse Chantier gi folgend Ännerungen ervir:

  • D’Strooss vum Boulevard Franklin D. Roosevelt ass tëscht der Bréisseler Plaz an der Rue Philippe II komplett gespaart
  • De Parking Saint Esprit bleift weiderhin zougänglech fir all Gefier, dat vum Boulevard Franklin D. Roosevelt kënnt

Boulevard Franklin D. Roosevelt

D’Stad Lëtzebuerg wäert sech ëm déi noutwenneg Beschëlderung këmmeren a seet schonn am viraus Merci fir d’Verständnis, falls et sollt zu eventuelle Problemer am Verkéier kommen.

Related topics Boulevard Franklin D. Roosevelt, Bréisseler Plaz, Chantier, Deviatioun, LuxTram, Parking Saint Esprit, Rue Philippe II, Spärung
Next post Previous post