Search

You may also like

Stater Tram: Elo och vum Kierchbierg bis op d’Gare
Neiegkeeten

Stater Tram: Elo och vum Kierchbierg bis op d’Gare

Gëschter hu S.A.R. de Groussherzog, de Vize-Premier an Transportminister François

Dat aalt geet an dat neit kënnt…
Neiegkeeten

Dat aalt geet an dat neit kënnt…

Silvester, esou déi gängeg Behaaptung, ass op der ganzer Welt

Dem Sultan seng reliéis Grenzen
Neiegkeeten

Dem Sultan seng reliéis Grenzen

Op sech den Ëmgang vun de Chinese mat den Uiguren,

A13: Chantier um Echangeur Diddeleng-Bireng (16.-18.04.2021)

A13: Chantier um Echangeur Diddeleng-Bireng (16.-18.04.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt de Stroossebelag vum Echangeur Diddeleng-Bireng vun der A13 erneiert gëtt. D’Aarbechten fänke Freides, de 16. Abrëll géint 19 Auer un a wäerte bis Sonndes, den 18. Abrëll géint 21 Auer daueren.

An dësem Kader wäert et zu folgende Spärungen kommen:

  • D’Bretelle vum Accès an d’Sortie vum Echangeur Diddeleng-Bireng vun der A13;
  • D’N31 tëscht Beetebuerg an Diddeleng.

D’Ëmleedunge gesi folgendermoossen aus:

  • Den Trafic, dee vun der A3 an der A13 kënnt n a Richtung Diddeleng fiert, gëtt iwwert d’Beetebuerger Kräiz, den Echangeur Diddeleng vun der A3 an den CR161 ëmgeleet;
  • Den Trafic, dee vun der A3 an der A13 kënnt an a Richtung Beetebuerg fiert, gëtt iwwert den Echangeur Keel vun der A13, den CR165, den CR164 an d’N13 ëmgeleet.

Chantier um Echangeur Diddeleng-Bireng
Related topics A13, Chantier um Echangeur Diddeleng-Bireng, Ëmleedung, Spärung, Stroossebauverwaltung, Stroossebelag, Trafic
Next post Previous post