Search

You may also like

DiscoverEU: De Jonke Loscht op Europa maachen
Neiegkeeten

DiscoverEU: De Jonke Loscht op Europa maachen

De leschten Donneschdeg huet d‘EU-Kommissioun eng zweet Ronn vum „DiscoverEU“

Televisiounschaîne Russia Today en „Agent vum Ausland“
Neiegkeeten

Televisiounschaîne Russia Today en „Agent vum Ausland“

Déi vun der russescher Regierung „kontrolléiert“ Televisiounschaîne Russia Today (RT)

Si wollten eng humanitär Waffepaus fir Berg-Karabach
Neiegkeeten

Si wollten eng humanitär Waffepaus fir Berg-Karabach

Dës Nuecht hätt et – esou haten et gëschter d‘Ausseministère

Chantier um Echangeur Helfenterbréck un dësem Weekend!

Chantier um Echangeur Helfenterbréck un dësem Weekend!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt vu Samschdes, de 15 Juni 7:00 Auer bis Sonndes, de 16. Juni 18:00 Auer ee Chantier um Echangeur Helfenterbréck op der Autobunn A6 wäert sinn.

Fir d’Aarbechte gi folgend Stroosse gespaart:

  • D’Opfaart vum Echangeur Helfenterbréck, wann ee vun der N34 kënnt a Richtung Zéissenger Kräiz (A6)
  • D’Sortie vum Echangeur Helfenterbréck, wann ee vun der belsch-lëtzebuergescher Grenz (A6) kënnt a Richtung N34
  • D’Zirkulatioun op der A6 op der Héicht vum Echangeur Helfenterbréck a Richtung Zéissenger Kräiz gëtt op eng Spur reduzéiert

Den Trafic, den vun der N34 kënnt a Richtung Zéissenger Kräiz (A6) gëtt iwwert den Echangeur Stroossen (Sortie 4) geleet an zeréck op d’A6 a Richtung Zéissenger Kräiz gelootst. Wien vun der belsch-lëtzebuergescher Grenz (A6) kënnt a Richtung Helfenterbréck (N34) gëtt iwwert d’Zéissenger Kräiz an den Echangeur Leideleng-Nord (Sortie 1 ) vun der A4 zeréck op d’A6 a Richtung Echangeur Helfenterbréck geleet.

Helfenterbréck

Related topics Chantier, Echangeur Helfenterbréck, Ëmleedung, Spärung, Stroossebauverwaltung
Next post Previous post