En neie Stroossebelag fir d’Gaasperecher Strooss (20.-21.11.2021)

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt vu Samschdes, den 20. November 2021 um 6:30 Auer bis Sonndes, den 21. November 2021 um 18:00 Auer den Tapis vun der Gaasperecher Strooss erneiert gëtt.

An dësem Kader wäert genee dës Strooss tëscht der Escher Strooss an der Rue André Chevalier fir de Verkéier gespaart sinn. Den Zirkulatiounsservice këmmert sech ëm eng adequat Beschëlderung.

Och beim ëffentlechen Transport wäert et Ännerunge ginn:

  • Den Arrêt Klensch Quai 1 vun de Linnen 13 an 23 a Richtung Garer Quartier entfält a gëtt ersat duerch den Arrêt Al Gaasperich Quai 1;
  • D’Arrêten Al Gaasperich Quai 2 a Klensch Quai 2 vun de Linnen 13, 23 an CN2 entfalen a ginn ersat duerch eng provisoresch Haltestell an der Rue André Chevalier a Ludwig Van Beethoven.
Dernières nouvelles