Search

You may also like

Karting: Gutt Aussiichte fir d‘Zoe Knebler
Neiegkeeten

Karting: Gutt Aussiichte fir d‘Zoe Knebler

Nodeems d‘Pandemiejoer 2020 eise Karting-Piloten a Pilotinnen iwwel zougespillt hat

Freedefeier op Silvester: Fantastescht Geknupps oder Ëmweltatastroph?
Neiegkeeten

Freedefeier op Silvester: Fantastescht Geknupps oder Ëmweltatastroph?

Haut den Owend geet nees ee Joer op een Enn.

Wäilies op der Musel: Vinsmoselle mat neiem Rekord
Neiegkeeten

Wäilies op der Musel: Vinsmoselle mat neiem Rekord

Wéi de Landwirtschaftsminister sech leschten Dënschdeg op d‘Musel beginn huet,

Chantier am Gousseler Tunnel: Opgepasst op d’Radaren!

Chantier am Gousseler Tunnel: Opgepasst op d’Radaren!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt Méindes, den 12. August 2019 ab 8:00 Auer bis Sonndes, den 15. September 2019 géint 20:00 Auer ee Chantier am Gousseler Tunnel wäert sinn. Heibäi gëtt d’Elektromechanik erneiert.

Spärungen an Ëmleedungen

  • Vu Méindes, den 12. August géint 8:00 Auer bis Mëttwochs, den 28. August géint 19:00 Auer ass den Tube vum Gousseler Tunnel, wann ee vum Echangeur Luerenzweiler kënnt a Richtung Echangeur Schëndels gespaart
  • Vu Mëttwochs, den 28. August géint 20:00 Auer bis Sonndes, de 15. September géint 20:00 Auer ass den Tube vum Gousseler Tunnels, wann ee vum Echangeur Schëndels kënnt a Richtung Luerenzweiler gespaart

Den Trafic vun der Autobunn A7 gëtt duerch een Tube vum Tunnel geleet. An dëser Zäit ass eng maximal Geschwindegkeet vu 70 km/h a béid Zirkulatiounsweeër erlaabt. Aus Sécherheetsgrënn gi wärend de gesamten Aarbechte permanent Vitess-Kontrolle gemaach.

Gousseler Tunnel

Related topics Chantier, Gousseler Tunnel, Luerenzweiler, Schëndels, Stroossebauverwaltung
Next post Previous post