Search

You may also like

What the Fakt – Déi grouss Séil vun Indien gëtt ëmbruecht
Neiegkeeten

What the Fakt – Déi grouss Séil vun Indien gëtt ëmbruecht

De Mohandas Karamchand Gandhi ass weltwäit bekannt als Fräiheetskämpfer vun

Covid-19: Impfzertifikat iwwer MyGuichet.lu eroflueden
Neiegkeeten

Covid-19: Impfzertifikat iwwer MyGuichet.lu eroflueden

Zënter dem 2. Abrëll kënne Persounen, déi am Kader vun

Tierkei wëll seng Bezéiung zu Libyen verstäerken
Neiegkeeten

Tierkei wëll seng Bezéiung zu Libyen verstäerken

Den NATO-Partner Tierkei hat e Samschdeg annoncéiert seng militäresch Ënnerstëtzung

Chantier Knuedler: Eng Momentopnam

Den Ausbau vum Parking Knuedler ass Erausfuerderung an Innovatioun zugläich

Chantier Knuedler: Eng Momentopnam

Wann ee sech drop kann eenegen, datt Parkplazen am beschten „ënnert dem Buedem“ opgehuewe sinn, da sollt engem de Projet vum Ausbau vum Parking Knuedler, wei och der Neigestaltung vum Knuedler selwer, eigentlech gutt gefalen. Gëschter ware mir mat de Verantwortleche kucke wéi et mam Schantje virugeet. Eng duerchaus interessant a spannend Visite ass eis do gebuede ginn.

D‘Iddi de Parkraum ënnert dem Knuedler ze erweidere staamt net vu gëschter an ass, besonnesch ugesiichts de Pläng de Parking bei der Gëlle Fra ofzeschafen, duerchaus sënnvoll. Ugefaange gouf de Chantier 2016, an als éischt hu sech d‘Archeologe „ëmgekuckt“. Et sollt gepréift a séchergestallt ginn, datt déi wäertvoll Relikten déi hei ënnert dem Buedem schlummeren erhale bleiwen.

Fir déi ze schütze sinn dann och horizontal a vertikal Buerunge virgeholl (entspriechend enger Technik wéi se am Tunnelbau ugewannt gëtt). An esou wéi dat de Claude Peschon, Ingenieur vun der Gemeng, erkläert huet, ass esou eng technesch Leeschtung keng mince Affär. An datt dat och nach an engem Stadzentrum ugewannt gëtt, kéint een duerchaus als „eenzegaarteg“ beschreiwen.

Elo am September si vun de fënnef Kelleretagen, deen éischten an e Stéck vum zweeten ze gesinn. Et géif awer gutt virugoen, a wann een déi archeologesch Aarbechten ausklamert, gesäit et aus wéi wann den Zäitplang géif agehale ginn, also de Parking 2021 kann a Betrib geholl ginn. Dat hunn d‘Buergermeeschtesch an d‘Membere vum Schäfferot gären héieren. Zouversiicht ass ëmmer gutt.

Wéineg Belästegung

Interessant ze notéieren ass dann och nach de Fait, datt dëse Chantier – deen ee sech eigentlech „Gigantesch“ virstellt a wat och esou eigentlech de Fall ass – wéineg bis kaum Siichtbar ass, wann ee vun der Palissade ofgesäit, déi d‘Monument vum Wëllem II ëmgëtt. Dobäi gëtt op enger Fläch vu ronn 50 op 40 Meter geschafft, an dat an eng Déift vu bis zu 22 Meter. Also scho gigantesch…

An och den Ëmfang vum Ofraum – also dem Gestengs an dem Buedem deen hei aus dem Buedem geholl gëtt – ass impressionnant. Bis ewell si schonn eng 6.000 M³ Ofraum entsuergt ginn, a wann de Schantje bis ofgeschloss ass, wäerten et 27.000 M³ sinn, déi enger Weiderverwäertung – well et ass gutt brauchbart Gestengs – zougefouert ginn. En Deel dovunner ass scho lokal genotzt ginn.

De Laurent Hansen, vum Service „des ouvrages d‘art de la ville“ huet dann och erkläert, datt een sech géigewäerteg an der sensibelster Phas vum Chantier befënnt. Zudeem wier et ausgeschloss dat ënnert dem Monument gegruewe géif ginn. Hien huet och erläutert, datt esoubal den „Ausbau“ vum Parking ofgeschloss ass, de bestoenden Deel géif renovéiert ginn. Och dat dierf begréisst ginn.

Hale mir nach fest, datt et – wann dann alles bis fäerdeg ass – fir d‘Automobiliste sécher eppes méi bequem sollt ginn. Tatsächlech ginn d‘Parkplaze méi breet. Vun aktuell 230 Zentimeter, sollen se op mindestens 250 Zentimeter verbreet ginn. A mat der Extensioun kommen esou dann och nach 250 Stellplaze bei déi schon existent derbäi. Dat wieren dann alles an allem 750 Parkplazen…

Opmaacherfoto: de Claude Peschon huet vill Detailer ganz verständlech erkläert. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Chantier, Knuedler, Parking, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post