Search

You may also like

Stater Gemengerot: Eng mouvementéiert Sëtzung
Neiegkeeten

Stater Gemengerot: Eng mouvementéiert Sëtzung

Den Toun am Stater Gemengerot kéint een als eppes „méi

ACL: D’Vignetten 2020 sinn do!
Neiegkeeten

ACL: D’Vignetten 2020 sinn do!

Dir braucht eng nei Vignetten 2020, fir d’Schwäizer an d’Éisträicher

BnL: Een Uert fir den intellektuelle Patrimoine, Autonomie an Inclusioun
Neiegkeeten

BnL: Een Uert fir den intellektuelle Patrimoine, Autonomie an Inclusioun

Nach bis de 25. Abrëll 2020 bitt d’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL)

Chantier Luxtram: Eng Rei Busarrêten musse verréckelt ginn

Chantier Luxtram: Eng Rei Busarrêten musse verréckelt ginn

D‘Stad Lëtzebuerg deelt mat, dat am Kader vun de Chantieren a Verbindung mam Luxtram, an der neier Avenue (Avenue de la Liberté), e puer Busarrête musse verréckelt ginn:

Ab haut Méindeg 26. November, gëtt den Arrêt Rousegäertche Quai 2 (a Richtung Gar) vun de Regionallinnen (RGTR) op den Arrêt „Martyrs“ Quai 2 (tëscht der Goethe-Strooss an der rue de la Grève) verluecht.

Ab dem Mëttwoch 28. November, sinn et folgend Busarrêten (a Richtung Stadzentrum) déi musse verréckelt ginn:

  • den Arrêt „Paris/Zitha Quai 2“ gëtt ronn 150 Meter a Richtung Paräisser Plaz (tëscht der Origer-Strooss an der Rue Fort Bourbon) verluecht;
  • den Arrêt „Martyrs Quai 1“ gëtt ëm eng 80 Meter bei Haiser N°11-17 (tëscht der Schiller-Strooss an der Goethe-Strooss) verluecht;
  • den Arrêt „Rousegäertche Quai 1“ vun der Regionallinnen gëtt bei den neien Arrêt „Martyrs Quai 1“ (tëscht der Schiller-Strooss an der Goethe-Strooss) verluecht.
Related topics Busarrêten, Chantieren, LuxTram, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post