Search

You may also like

Déi lénk kritesch am Ëmgang mam ArcelorMittal-Dossier
Neiegkeeten

Déi lénk kritesch am Ëmgang mam ArcelorMittal-Dossier

„CSV an LSAP hunn d‘Stolindustrie u Mittal ausgeliwwert!“. Esou d‘Iwwerschrëft

Kuerze Weekend fir d‘Politik
Neiegkeeten

Kuerze Weekend fir d‘Politik

Bei de Gesetzer déi um Samschdegmueren am Cercle op der

Katalanescht Parlament fuerdert Ofschafe vun der Monarchie
Neiegkeeten

Katalanescht Parlament fuerdert Ofschafe vun der Monarchie

Nom scheitere vun den Onofhängegkeetsbestriewungen, war et eppes méi roueg

De Pont Viaduc gëtt méi breet gemaach – Ännerunge bei den AVL-Linnen

De Pont Viaduc gëtt méi breet gemaach – Ännerunge bei den AVL-Linnen

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt d’Stroossebauverwaltung de Pont Viaduc méi breet mécht. Aus dësem Grond wäerten nach bis e Freideg, de 27. August 2021 inclus verschidden Buslinne vum AVL-Reseau, déi a Richtung Garer Quartier fueren, ëmgeleet ginn.

Ma, d’Aarbechte ginn nawell esou schnell virun, datt d’Deviatiounen, déi eigentlech bis de 5. September ugekënnegt waren, net antreffe wäerten. Bis e Freideg nach mat entfält den Arrêt F.D. Roosevelt Quai 2 a gëtt bei dëse Linnen folgendermoossen ersat:

  • Linnen 2 an 9: Hamilius Quai 2 a Wallis Quai 4
  • Linnen 3 an CN2: Hamilius Quai 2 a Wallis Quai 2
  • Linnen 4, 10, 14, 18, CN1 an CN3: Hamilius Quai 2 an Al Avenue Quai 2
  • Linn 5: Moneterey Quai 1 a Wallis Quai 2
  • Linn 13: Monterey Quai 1 an Al Avenue Quai 2
  • Linn 22: Monterey Quai 1 a Wallis Quai 4

Weider Informatioune ginn et op bus.vdl.lu.

Related topics Arrêt, AVL, Bus, Chantier, Ëffentlechen Transport, Ëmleedung, Haltestell, Pont Viaduc, Stad L
Next post Previous post