Search

You may also like

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli/August
Neiegkeeten

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli/August

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

Sultan rifft zum Boykott vu franséische Produkter op
Neiegkeeten

Sultan rifft zum Boykott vu franséische Produkter op

Well den Emmanuel Macron nom Mord um Geschichtsproff Samuel Paty,

Franséische Rentekommissär muss den Hutt huelen
Neiegkeeten

Franséische Rentekommissär muss den Hutt huelen

Säit der Ukënnegung vun der Rentereform rumouert et a mëttlerweil

Chantier Route d’Esch / Kuelebierg – déi nächst Etapp

Chantier Route d’Esch / Kuelebierg – déi nächst Etapp

D’Stad Lëtzebuerg informéiert seng Bierger, wéi och d’Notzer vum ëffentlechen Transport doriwwer, datt d’Aarbechten op der Route d’Esch an ëm Kuelebierg an déi nächst Phase ginn. Vu Sonndes, den 21. Abrëll 2019 bis Dënschdes, de 7. Mee 2019 wäert hei de Chantier viru goen.

Op folgend Ännerungen am Verkéier sollt ee wärend der genannter Zäit oppassen:

  • Verengung vun den zwou Spueren op der Route d’Esch um Niveau vun der Iwwerschneidung mam Kuelebierg an der Rue Christophe Plantin
  • Verbuet fir Gefierer, déi aus Richtung Holleresch an der Gaasperecherbierg kommen, fir vun der Route d’Esch no lénks an d’Rue Christophe Plantin ofzebéien
  • Verbuet fir Gefierer iwwer 3,5 Tonnen op de Kuelebierg ze fueren, tëscht der Route d’Esch an der Rue Verte
  • Verbuet fir Gefierer, déi aus Richtung Houwald/Kockelscheier kommen, fir vun der Route d’Esch no lénks bei de Kuelebierg ofzebéien
  • Chantier

Den Zirkulatiounsservie vun der Stad Lëtzebuerg wäert hei fir ausräichend Beschëlderung suergen.

Och beim ëffentlechen Transport gëtt et eng Ännerung:

  • D’Linn CN3 gëtt vun der Gaasperecherstrooss iwwert d’Rue Ludwig van Beethoven an d’Rue Christophe Plantin a Richtung Zéisseng ëmgeleet. Den Arrêt Gaasperecherbierg entfält a gëtt vum Arrêt Klensch ersat.

D’Stad Lëtzebuerg seech schonn am viraus alle Bierger an Notzer vum ëffentlechen Transport Merci fir hire Verständnis.

Related topics Chantier, CN3, Ëmleedung, Kuelebierg, Route d'Esch
Next post Previous post