Search

You may also like

Si hu sech zolidd an d‘Hoer kritt
Neiegkeeten

Si hu sech zolidd an d‘Hoer kritt

An der Nuecht vun ee Samschdeg op e Sonndeg, war

ESPON suergt fir Tatsaache an net fir Fake News
Neiegkeeten

ESPON suergt fir Tatsaache an net fir Fake News

Um Donneschdeg haten de Staatssekretär Camille Gira (déi gréng), an

Wann ee sengem Smartphone d‘Hausschlësselen iwwerléisst
Neiegkeeten

Wann ee sengem Smartphone d‘Hausschlësselen iwwerléisst

Programmentwéckler vu Google wëlle beim „Konkurrent“ Apple eng monstréis Sécherheetslück

Chantier an der Rue de Rollingergrund (07.11.2020)

Chantier an der Rue de Rollingergrund (07.11.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren, datt e Samschdeg, de 7. November 2020 tëscht 6:00 an 18:00 Auer d’Rue de Rollingergrund zum Deel frësch gemaach gëtt.

Duerch dës Aarbechten wäert d’Strooss tëscht dem Val St André an dem Reckendall, sou wéi d’Avenue de la Faïencerie tëscht der Rue de Rollingergrund an der Rue Tony Neuman fir de Verkéier gespaart sinn.

Den Zirkulatiounsservice këmmert sech ëm eng adequat Beschëlderung vun der Ëmleedung. Wann d’Wiederkonditiounen ze schlecht sinn, gëtt de Chantier op e spéideren Zäitpunkt verréckelt.

Rue de Rollingergrund

Ännerunge beim ëffentlechen Transport

D’Desserte vum Quartier Rollengergronn gëtt normal mat der Linn 21 tëscht der Stäreplaz an dem Arrêt Val Fleuri gemaach. Uschléissend geet et fir d’Busser vum Val St André bei e provisoreschen Terminus beim Arrêt Strassen-Primeurs. Den Arrêt Val St André gëtt ersat duerch provisoresch Haltestellen an der Rue de Rollingergrund, op der Héicht vun den Hausnummeren 254-258 (wann ee vum Stadzentrum kënnt), respektiv 251-253 (a Richtung Zentrum).

Fir d’Desserte vum Quartier Millebaach gëtt d’Ëffentlechkeet gebieden d’Linn 275 um Arrêt Theater (rue des Glacis) oder Octroi (Côte d’Eich), Eescherplaz/École Eich, Eecher Schmelz, Siwemuergen, Peiffeschbierg oder Villeroy & Boch ze notzen. D’Haltestelle Roudebierg entfält a béid Richtungen.

D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Related topics Chantier, Ëffentlechen Transport, Ëmleedung, Erneierung, Rollengergronn, Rue de Rollingergrund, Spärung, Stroossebauverwaltung
Next post Previous post