Search

You may also like

Musek fir jiddereen – ee soziale Pilotprojet zu Déifferdeng!
Neiegkeeten

Musek fir jiddereen – ee soziale Pilotprojet zu Déifferdeng!

Gëschter ass am ale Stadhaus vun der Gemeng Déifferdeng de

Editorial: Net ganz gescheit, Mister President
Neiegkeeten

Editorial: Net ganz gescheit, Mister President

Datt de Milliardär aus dem Wäissen Haus e politescht Gefill

money
Lëtzebuerg huet d‘Kris ënner Kontroll
Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet d‘Kris ënner Kontroll

Nodeems de Pierre Gramegna ee Méindeg an der Finanzkommissioun déi

Chantier an der Rue St Ulric (7.-8.11.2020)

Chantier an der Rue St Ulric (7.-8.11.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt an der Rue St Ulric Réier verluecht ginn, wouduerch et vu Samschdes, den 7. November 2020 bis 6:00 Auer bis Sonndes, den 8. November 2020 um 20:00 Auer zur Spärung kënnt.

D’Rue St Ulric wäert wärend de ganzen Aarbechten tëscht der Rue Munster an der Rue St Quirin net zougänglech sinn. De Parking an der Rue St Quirin bleift iwwert d’Rue de Prague weiderhin zougänglech.

Den Zirkulatiounsservice këmmert sech ëm déi adequat Beschëlderung. Bei schlechte Wiederverhältnisser gëtt de Chantier op e spéideren Zäitpunkt verluecht.

St Ulric

Ännerungen am ëffentlechen Transport

Wärend den Aarbechten gëtt d’Buslinn 23 an zwou Richtungen iwwert d’Montée de Clausen ëmgeleet. D’Haltestellen Tour Jacob, Rumm a Stadgronn-Bréck entfalen fir dës Linn.

D’Desserte an de Gronn gëtt iwwert eng Navette erméiglecht, déi all 30 Minutten tëscht den Arrêten Clausener Bréck (quai 1) a Stadgronn-Bréck zirkuléiert. Ab der Clausener Bréck gëtt d’Korrespondenz tëscht der Navette an der Linn 23 vun an a Richtung Gare geséchert.

St Ulric

D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Related topics Chantier, Réier verleeën, Rue St Ulric, Spärung
Next post Previous post