Search

You may also like

Fir de gudden Zweck – en eTurnéier op Fifa 21
Neiegkeeten

Fir de gudden Zweck – en eTurnéier op Fifa 21

Ënnert der Organisatioun vum däitsche Club Borussia Leer wäerten 8

Lëtzebuerg wiisst, an dat ëmmer méi
Neiegkeeten

Lëtzebuerg wiisst, an dat ëmmer méi

Zum éischte Januar vun dësem Joer huet Lëtzebuerg 590.667 Awunner

Kalifornien verbrennt am gréisste Feier vu senger Geschicht
Neiegkeeten

Kalifornien verbrennt am gréisste Feier vu senger Geschicht

Iwwer 14.000 Pompjeeën aus ganz Amerika, an esouguer Australien an

Chantier Sprangkraut – Aktiv géint déi invasiv Planz!

Chantier Sprangkraut – Aktiv géint déi invasiv Planz!

Um kommende Samschdeg ass Är Hëllef gefrot. Den Natur- a Geopark Mëllerdall sicht no motivéierte Leit, déi hëllefen, d’Sprangkraut lass ze ginn. Dës invasiv Planz suergt nämlech fir de Verloscht vun anere seelene Planzenaarten hei zu Lëtzebuerg.

Dat drüsegt Sprangkraut (Impatiens glandulifera) kënnt ursprénglech aus der Regioun vum Himalaya. Enn vum 19. Joerhonnert gouf et an Europa als Gaardeplanz ugeplanzt. Zu Lëtzebuerg gouf dat drüsegt Sprangkraut déi éischt Kéier 1966 dokumentéiert. Säit 2017 ass si op der europäescher Lëscht vun den invasiven Aarten. D’Planz ass extrem konkurrenzfäeg, wat heescht, datt konkurrenzschwaach Aarte verdrängt ginn. Esou kënne seele Planzenaarte ganz aus eiser Flora verschwannen. D’Wuerzele vum Sprangkraut sinn ganz kuerz (meeschtens net méi wéi 5cm), wat zu enger erhéichter Erosioun laanscht d‘Gewässer féiert.

De Programm

  • 13:45 Auer Treffen um Parking bei der Konsdrefer Millen
  • 14:00 Auer Start a Richtung Kuelscheier
  • 14:15 Auer Aweisung an d’Rappe vum Sprangkraut
  • 17:00 Auer Retour bei den Parking
  • 17:15 Auer Patt offréiert vum Natur- & Geopark Mëllerdall am Hotel & Bistro MuppenTrupp

WICHTEG: Stiwwelen, waasser- an räissfest Kleeder (wéinst den Schwaarzbieren an Brennnesselen) sollt een onbedéngt dobäi hunn. De Chantier ass natierlech gratis. Umelle sollt ee sech trotzdeem ënnert der Telefonsnummer 26 87 82 91 oder ënnert info@naturpark-mellerdall.lu.

Sprangkraut

Méi zur Planz

Bis op ee klengen Territoire am Süde vum Land ass d’Drüse-Sprangkraut immens verbreet. Duerch déi dicht stoend Planze kréien hir gréng Noperen net genuch Sonn oder ginn net vun Beien an aneren Insekte bestëbst. D’Planz kann eng Héischt vu bis zu 3 Meter erreechen an ass gutt ze erkennen u senger roud-mover déiwer Bléi.

D’Blieder sinn meeschtens zu 3 gruppéiert, hunn eng oval Form a si ganz liicht gezackt. Ze fannen ass d’Sprangkraut virun allem laanscht Waasserleef a seng Uferen, a Grief, un Häng, souwéi a fiichte Bëscher.

Generell sollt een dofir suergen am Fréijoer d’Planz entweder ganz ze eliminéieren oder seng Ausbreedung ze verhënneren. Weider invasiv Planze fannt Dir an dësem Guide vum Ministère.

Related topics Chantier Sprangkraut, Invasiv Planz, Naturpark Mëllerdall, Sprangkraut
Next post Previous post