Search

You may also like

Et reent… Konfetti!
Neiegkeeten

Et reent… Konfetti!

Frënn vun der Sonn an der gudder Laun, et gëtt

Schleierhaft
Neiegkeeten

Schleierhaft

Ee Sonndeg 7. Mäerz hunn déi Schwäizer Stëmmberechtegt iwwert d‘Volleksinitiativ

Erfollegräich Cyberattack géint d‘USA
Neiegkeeten

Erfollegräich Cyberattack géint d‘USA

Wéi den Angus King, Senateur vum Maine a Member vum

Spärung vum Tunnel Rangwee (02.-07.04.2021)

Spärung vum Tunnel Rangwee (02.-07.04.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt duerch Aarbechten un den Zuchschinnen um Houwald an dem Bau vum neien Tunnel Rangwee II, den Tunnel Rangwee I vu Freides, den 2. Abrëll géint 20 Auer bis Mëttwochs, de 7. Abrëll um 22 Auer gespaart wäert sinn.

Aus dësem Grond ginn et eng Rei Upassunge fir de Verkéier: De Passage duerch den Tunnel, tëscht dem Rond-Point Gluck an der Rue des Scillas ass net zougänglech. Den Trafic wäert iwwert d’Rue des Scillas an de Boulevard Raiffeisen, iwwert d’Kräizung vum Boulevard Kockelscheier, weider iwwert de Boulevard Kockelscheier bis bei de Rond-Point Gluck, respektiv och den ëmgekéierte Wee verlafen.

Tunnel Rangwee

Ännerunge bei der Linn 23

Freides, den 2. Abrëll ab 20:30, sou wéi Dënschdes, de 6. Abrëll a Mëttwochs, de 7. Abrëll gëtt d’Linn 23 tëscht Gaasperech an dem Bouneweger Lycée iwwert d’Cloche d’Or an d’Zone Artisanale Houwald ëmgeleet. D’Haltestellen Francophonie Quai 1 an 2 entfalen a ginn duerch d’Haltestell Charles Darwin ersat.

Samschdes, den 3. Abrëll besteet keng Verbindung tëscht Gaasperech a Bouneweg. D’Arrêten LT de Bonnevoie, Neufchâteau a Rangwee ginn a béid Richtungen net ugefuer. D’Notzer vum ëffentlechen Transport sollten dofir op eng vun dësen Alternativen zeréckgräifen:

  • Ab Houwald a Bouneweg a Richtung Gaasperech-Cloche d’Or: D’Linn 28 via Gare-Rocade bis bei d’Gare an da viru mat der Linn 23 a Richtung Gaasperech;
  • Ab Bouneweg-Neufchâteau a Richtung Cloche d’Or: D’Linn 28 a Richtung Gare bis bei Francophonie a Gerhard Mercator;
  • Ab Bouneweg an Houwald a Richtung Cloche d’Or: D’Linn 5 bis bei Gerhard Mercator a virun mat der Linn 23 ab dem Arrêt Charles Darwin.
Related topics Deviatioun, Ëffentlechen Transport, Kockelscheier, Linn 23, Rangwee II, Rondpoint Gluck, Rue des Scillas, Spärung, Stroossebauverwaltung, Trafic, Tunnel Rangwee I, Verkéier
Next post Previous post