Search

You may also like

Aussepolitesch Grondsazried vum 46. US-President
Neiegkeeten

Aussepolitesch Grondsazried vum 46. US-President

De Joe Biden, 46. US-President, huet a senger éischter aussepolitesch

dislike
MSF veruerteelt kriminell Haftkonditiounen a Libyen
Neiegkeeten

MSF veruerteelt kriminell Haftkonditiounen a Libyen

Vertrieder vun der EU begréissen d‘Baisse vun de Zuel vun

Trotz Turbulenze kann sech d‘Luxair um Himmel halen
Neiegkeeten

Trotz Turbulenze kann sech d‘Luxair um Himmel halen

Mam ganze Gedeessems ronderëm: Klimawandel, energetesch Transitioun a Klimapakt, gesäit

Chantieren op der A13 vum 5. bis den 8. Juli

Chantieren op der A13 vum 5. bis den 8. Juli

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt un dësem Weekend direkt 2 kombinéiert Chantieren op der A13 wäerte sinn, fir de Stroossebelag ze erneieren a wéinst dem Opstelle vun enger Signalbréck tëscht der Jonctioun Esch an dem Echangeur Bireng. Vu Freides, dem 5. Juli 2019 géint 21:00 Auer bis Méindes, den 8. Juli géint 6:00 Auer kann et dofir zu Stéierungen am Verkéier kommen.

Fir d’Aarbechte gi folgend Stroosse gespaart:

Ab Freides, dem 5. Juli 2019 géint 21:00 Auer bis Méindes, den 8. Juli géint 6:00 Auer

  • D’Autobunn A13 tëscht der Jonctioun Esch an dem Echangeur Schëffleng a Richtung Beetebuerger Kräiz
  • D’Pannespur op der Autobunn A4 op Héicht vun der Jonctioun Esch a Richtung Zéissenger Kräiz
  • D’Opfaart vum Echangeur Féiz (S4) an d’Jonctioun Esch, wann een vun der A4 an der CR164 kënnt a Richtung A13 (Zéissenger Kräiz)
  • D’Opfaart vun der Jonctioun Esch wann ee vum Rondpoint Raemerech kënnt a Richtung A13 (Beetebuerger Kräiz)

Ëmleedung: Den Trafic, dee vun der A4 (Rondpoint Raemerech), der A13 (Péiteng) an der CR164 (Féiz/Monnerech) kënnt a Richtung A13 (Beetebuerger Kräiz) gëtt ab der Jonctioun Esch iwwert d’A4- Zéissenger Kräiz – A6 – Gaasperecher Kräiz – A3 an zeréck op d’A13 ëmgeleet

Jonctioun Esch

Samschdes, de 6. Juli vu 6:00 bis 15:00 Auer

  • D’Autobunn A13 tëscht der Jonctioun Esch an dem Echangeur Bireng a Richtung Beetebuerger Kräiz
  • D’Opfaart vum Echangeur Féiz (S4) an der Jonctioun Esch, wann ee vun der A4 an der CR164 kënnt a Richtung A13 (Beetebuerger Kräiz)
  • D’Opfaart vum Echangeur Schëffleng (S6), wann ee vun der CR169 kënnt a Richtung A13 (Beetebuerger Kräiz)
  • D’Opfaart vum Echangeur Keel (S7), wann ee vun der CR165 kënnt a Richtung A13 (Beetebuerger Kräiz)

Ëmleedungen: Den Trafic, dee vun der A4 (Rondpoint Raemerech), der A13 (Péiteng) an der CR164 (Féiz/Monnerech) kënnt a Richtung A13 (Beetebuerger Kräiz) gëtt ab der Jonctioun Esch iwwert d’A4- Zéissenger Kräiz – A6 – Gaasperecher Kräiz – A3 an zeréck op d’A13 ëmgeleet

Den Trafic, dee vun der CR166 vum Echangeur Schëffleng kënnt a Richtung A13 (Beetebuerger Kräiz) gëtt ab dem Echangeur Schëffleng iwwert d’A13 – Jonctioun Esch – A4 – Zéissenger Kräiz – A6 – Gaasperecher Kräiz – A3 bis op d’Beetebuerger Kräiz (A13) ëmgeleet

Den Trafic, dee vun der CR165 vum Echangeur Keel kënnt a Richtung A13 (Beetebuerger Kräiz) gëtt ab dem Echangeur Keel iwwert d’CR165 – CR154 – N31 bis op den Echangeur Bireng (S8) vun der A13 ëmgeleet

Jonctioun Esch

Fir d’Preparatiounsaarbechte gëtt d’A13 schonn e puer Stonnen am viraus zou gemaach. Dofir si Stéierungen am Verkéier net auszeschléissen. Weider Informatioune ginn et ënnert www.cita.lu/news.

Related topics Chantier, Echangeur Bireng, Jonctioun Esch, Signalbréck, Stroossebauverwaltung, Stroossebelag, Verkéier
Next post Previous post