Search

You may also like

Projet Schnelltramstreck: A 15 Minutte vun der Stad Lëtzebuerg op Esch
Neiegkeeten WTF

Projet Schnelltramstreck: A 15 Minutte vun der Stad Lëtzebuerg op Esch

E Mëttwoch huet den Transportminister François Bausch de Projet zur

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
Neiegkeeten WTF

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem

Wien et nach net gemaach huet, dee sollt sech onbedéngt

Google ka kommen, de Gemengerot vu Biissen huet gréng Luucht ginn
Neiegkeeten WTF

Google ka kommen, de Gemengerot vu Biissen huet gréng Luucht ginn

Bei der Sëtzung vum Biisser Gemengerot vu gëschter, war de

surprise

Chaos wéinst Schnéi: mindestens 45 Accidenter

Chaos wéinst Schnéi: mindestens 45 Accidenter

Et ass net einfach sech virszetellen, datt d‘Leit an der Groussregioun sech all Joer op en Neits vum Schnéi wärend de Wanterméint iwwerrasche loossen, mee genee dat ass de Fall. An esou wierkt sech de Wanterabroch entspriechend op d‘Mobilitéit vun der sougenannter „Aktiver Populatioun“ aus. Gemengt ass Verkéierschaos a Stau.

En Donneschdegowend, tëscht 17.30 an 21.30 Auer, huet d‘Police eng 45 Accidenter gezielt. Esou wéi et heescht, ass et heibäi net zu Kierperschued komm, mee den Trafic war allgemeng staark bis extreemst behënnert. Esou onverständlech wéi leider och onvermeidbar, déi vill Accidenter op der A3 an A7. Et geet net duer seng Vitesse dem Wieder unzepassen, et gëllt och uecht ze doen, wéi déi aner fueren, an och wann een den éischten doheem wëll sinn, Gedold ass déi besser Wiel.

Mee och op den National- an Niewestroosse war et net einfach. Op der N7 beim Fridhaff ass ee Camion hänke bliwwen, esou och op der N15 am Pommerlach. Dës Gefierer loossen sech net esou liicht réckelen, firwat et och op dëse Plazen entspriechend Problemer am Verkéier ginn huet. Op ville CR‘en hu sech änlech Biller gewisen, hei dann allerdéngs mat Autoen. Bei de meeschte Fäll, waren et Gefierer, déi entweder vun der Strooss ofkomm oder direkt de Rampli erofgerutscht sinn.

Wat déi sougenannten „Iwwerraschung“ betrëfft, wou jo awer den nationale Wiederdéngscht, all d‘Medien an esouguer déi vill Applikatiounen op de Smartphonen, „maximal informéiert“ hunn, esou et vill domadder ze dinn, datt sech déi eng iwwerschätzen an anerer eppes fäertereg op der Rull sinn. Begéinen sech dës Populatioune klëmmt de Risk vum Accident exponentiell. Zudeem hunn et vill Automobilisten nach net verënnerlecht, datt ee besonnesch elo sollt Ofstand halen.

Foto: Dem Tram mécht de Wanter näischt aus (et sief et stellt sech him eppes an de Wee) a generell sollt een, wann engem dat Wieder hannert dem Steier net geleeën ass, d‘Optioun „ëffentlechen Transport“ behäerzegen, spuert Zäit an Nerven, an zudeem ass dësen am Land och nach gratis. (Courtesy: Gunstick – via Twitter)

Related topics Accidenter, Mobilitéit, Police, Schnéi, Streedéngscht, Verkéier, Wanter
Next post Previous post