Search

You may also like

Saudiarabien: Déi „rout Linn“ am Dossier Khashoggi
Geek International Neiegkeeten

Saudiarabien: Déi „rout Linn“ am Dossier Khashoggi

Déi sëllechen Opriff, d‘Verantwortung vum saudesche Krounprënz Mohammed ben Salmane,

Sozialkonflikt a Frankräich: de Macron versprécht net nozeginn
Geek International Neiegkeeten

Sozialkonflikt a Frankräich: de Macron versprécht net nozeginn

En Donneschdeg huet de franséische President, Emmanuel Macron, kloergestallt, datt

#VakanzDoheem – Spannend Naturaktvitéite bis de 15. September 2020
Geek International Neiegkeeten

#VakanzDoheem – Spannend Naturaktvitéite bis de 15. September 2020

Zousätzlech zum Programm am Kader vun „En Dag an der

geek

Chaotescht Internet: Stéierung setzt masseg Säiten zou

Chaotescht Internet: Stéierung setzt masseg Säiten zou

Um Donneschdeg ass et weltwäit zu massiven Ausfäll bei deels gigantesche Konzerner, Banken an IT-Entreprise komm. Hir Säite waren iwwer Stonnen net méi ze erreechen, an et ass richteg, datt hei haaptsächlech US-Entreprisen a Konzerner betraff waren.

Wann esou eppes geschitt, gëtt eigentlech ëmmer versicht en hannert dem Rideau ze halen, mee an haitegen Zäiten… Et ass dann och d‘Internetplattform „DownDetector“ de geklaapt huet. Vun de „Groussen“ déi et erwëscht huet, zielen esou onfeelbar wéi „to big to fail“ Konzerner à la Amazon, Facebook an natierlech Google. Mee och Microsoft, ee sëllege Banken a Fluchgesellschafte ware vun dëser „Panne“ betraff“. De Feeler ass awer mëttlerweil nees behuewen.

IT-Konzerner

Datt dëse virtuelle „Fait Divers“, iwwerhaapt iergendeen interesséiert, dierft ee Bezuch mam däitsche Springer(Stiefel)-Verlag hunn. Esou huet et temporär Problemer beim Accès zu der Websäit vun der BILD an dem Focus ginn. Op de betraffene Säiten – also do wou et dann och Mënschen huet déi eppes dovu verstinn – huet et eng entspriechenden Hiwäis ginn. De Problem: mat dem „Domain Numm System“ (DNS) – en Adressendéngscht fir d‘Ofruffe vu Web-Säiten – schéngt et Problemer gehat ze hunn, mellt jiddefalls Akamai Technologies.

Nieft de wierklech groussen IT-Konzerner waren nach Betraff: Airbnb, American Express, Delta Airlines, DHL an Zalando. Nieft gewëssen däitsche Publikatiounen, war och d‘Gamer-Community eppes betraff. Am Playstation-Netzwierk ass stonnelaang keng méi gelaf. Et wier awer, esou d‘Plattform, néierewou zu Dateverloscht oder Intrusioun komm. Esou wéi dat vun Akamai erkläert gouf, ass elo nees alles normal an et géif elo eng Analys zu den Ursaache vum Problem gemaach.

mat indymedia/sfo/nyc/fra

Illustratioun: © Lewis Kang‘ethe Ngugi / unsplash

Related topics DNS, Domain Name System, Feeler, Internet, Troubleshooting
Next post Previous post