De Fagradalsfjall rumouert
Zanter gutt 800 Joer, esou zumindest d‘Experten, huet an „dëser
Zanter gutt 800 Joer, esou zumindest d‘Experten, huet an „dëser
Nodeems d’Renovatiounsaarbechten elo komplett ofgeschloss sinn, empfänkt de Shop nature
Am Kader vum 100. Gebuertsdag vum Fraewahlrecht zu Lëtzebuerg hat
„Virum Wäissen Haus, an de véier Ecker vum Lafayette Square, sti Statue vun europäeschen Helden vum revolutionären US-Krich: Déi franséisch Genereel Lafayette a Rochambeau, de polnesche Generol Kosciuszko an den däitsche Generol Steuben. Si, a vill aner Europäer, hu keng Méi gescheit an hunn hiert Blutt vergoss, fir ze hëllefe de Fridden an d’Demokratie an Amerika opzebauen. Honnert Dausenden Amerikaner hunn hiert Blutt vergoss, zwee Mol am leschte Joerhonnert, fir de Fridden an d’Demokratie an Europa ze schützen“, sou de Charles Michel a senger Ried.
Déi lescht 4 Joer hätten d’Welt méi komplex, dofir awer manner stabil a berechebar gestalt. Zum kréinenden Ofschloss vum Donald Trump sengem Amt als President, gouf d’Kapitol gestiermt – e Virfall, dee weltwäit schockéiert huet. Ma, d’Däischtert vun der Gewalt kann d’Liicht vun der Demokratie net erdrécken.
De Charles Michel hofft, dass Amerika haut e friddlechen Iwwergang erlieft. Et wier e groussaartegen Dag fir d’Demokratie. An elo géif och d’Chance nees bestoen, déi transatlantesch Bezéiungen opzebauen.
Fir eng besser, méi fair a gréng Welt, braucht et e staarkt Europa. A fir de Fridden an d’Sécherheet oprecht ze halen an ze fërderen, braucht een ëmsou méi staark an zouverlässeg Partner. An dësem Kader proposéiert hien dem Joe Biden um éischten Dag e Grënnungspakt ofzeschléissen, fir dass Europa an Amerika eng besser Zukunft kreéieren kënnen. Hei ginn et 5 Prioritéiten:
Hien ass voller Hoffnung, wëll awer och realistesch bleiwen. De Charles Michel weess, dass d’EU an d’USA Meenungsverschiddenheeten hunn, déi och net op magesch Aart a Weis verschwanne wäerten. Et sollt een awer probéieren zesumme d’Erausfuerderung awer unzegoen.
Grad de Virfall vum 6. Januar soll eis all eng Léier sinn wéi wichteg, awer och wéi zerbriechlech Demokratie ass. Et ass ee Prinzip, dat net selbstverständlech ass a woufir een ëmmer nees kämpfe muss.
„Mir si prett, mir wëllen zesummekommen, eis mobiliséieren, fir zesumme mat den USA ze schaffen an en neie Grënnungspakt ze schléissen, fir e méi staarkt Europa, fir méi staark Vereente Staaten an eng besser Welt.“
Opmaacherbild: De Charles Michel, President vum EU-Parlament © European Union