Search

You may also like

Déidlecht Accident um CR102
International Neiegkeeten

Déidlecht Accident um CR102

Wéi d‘Police matgedeelt huet, ass gëschter Owend géint 19.30 Auer

Sputnik V vun „The Lancet“ an héchsten Téin gelueft
International Neiegkeeten

Sputnik V vun „The Lancet“ an héchsten Téin gelueft

Laut der medezinescher Fachzeitung „The Lancet“ hätt de russesche Covid19-Vaccin

Editorial: Literaresch Rebellioun
International Neiegkeeten

Editorial: Literaresch Rebellioun

Si souzen deels um Bueden. Hu virgelies an de Publikum

Charlotte: 2 Doudeger bei Schéisserei op der „University of North Carolina“

Charlotte: 2 Doudeger bei Schéisserei op der „University of North Carolina“

Um Campus vun der „University of North Carolina“ sinn zwou Persoune bei enger Schéisserei ëm d‘Liewe komm, véier weider Mënsche goufe blesséiert, dovunner zwou liewensgeféierlech. Esou de Rettungsdéngscht. D‘Police huet via Twitter informéiert dat eng verdächteg Persoun verhaft gouf.

Beim „Verdächtegen“ soll et sech ëm den 22 järegen Trystan Terrell, e Geschichtsstudent handelen, deen d‘Universitéit schonn zu Ufank vum Semester verlooss hat. Nom Virfall, esou de Police-Chef Jeff Baker, wier de Campus wäitraimeg ofgespaart ginn an aus Sécherheetsgrënn wieren d‘Gebaier ënnersicht ginn.

D‘Dot selwer hätt sech während enger Presentatioun um spéiden Nomëtteg zougedroen. De Jeff Baker sot, datt d‘Police géint 16.40 Auer informéiert gi wier an duerch dat séiert agräife vun de Sécherheetskräften, Liewe konnte gerett ginn. Iwwert d‘Motiv vun der Dot war näischt gewosst.

mat indymedia/clt

Related topics Charlotte, North Carolina, UNCC, Universitíet vun Nord Carolina
Next post Previous post