Chatkontroll – D’Kaz ass aus dem Sak

D’EU-Kommissioun huet hir Pläng fir eng sougenannte Chatkontroll anzeféieren, präsentéiert. D’Kommissioun huet dës Propose lancéiert fir kënnen aktiv géint Kannermëssbrauch virzegoen.

Wat u sech gutt kléngt, ass ee risegen Aschnëtt an eis Privatsphär. Grouss Plattformen oder Kommunikatiounsappe wei Facebook, WhatsApp, TikTok, Instagram, Signal, Telegram a Co. solle gezwonge gi reegelméisseg, privat Noriichte vun hire Benotzer, automatesch ze duerchliichten. Egal op dës verschlësselt sinn oder net. Dëst soll automatiséiert, direkt ob de Geräter vun de Benotzer, geschéien.

Soubal dëse Filter eppes Suspektes erkennt, géif de Contenu, egal op Biller, Videoen oder Text, un eng nei erschaaften EU-Agence geleet ginn, déi dës da solle kontrolléieren. Esou automatiséiert Filteren hunn ëmmer hier Feelerquoten. Dat féiert dozou, dass honnertdausende vun Noriichten, falsch markéiert ginn.

Bis elo ass net kloer, wien dës Erkennungsalgorithmen an Datebanken definéiert a kontrolléiere kann. Et ass awer elo scho gewosst, dass esou een ontransparent System, an der Zukunft wäert erweidert ginn.

Net nëmme Journalisten an Whistleblower, sinn op vertrauenswierdeg Kommunikatioun ugewisen.

Den Zweck hellegt och hei net d’Mëttelen. Dat seet souguer den Däitschen Kannerschutzbond. Well net nëmme Journalisten an Whistleblower, sinn op vertrauenswierdeg Kommunikatioun ugewisen, mee se ass och ee wichtegen Eckpfeiler vun der IT-Sécherheet an domadder och fir dech a mech.

Dëst ass ee massiven Aschnëtt an d’Privatsphär vun den Notzer, wëll se d’Kontroll doriwwer verléieren, wéi eng Donëeen se mat wiem deelen.

En vertrauleche Message, eng Foto vum leschten Kannergebuertsdag oder de Video vun der Bomi un hier Enkelen. Alles dat kann a wäert mussen gescannt a vun engem Drëtten kontrolléiert ginn. D’Grondvertrauen an déi eegen Geräter ass domadder zerstéiert!

D’Bierger ginn esou alt erëm direkt ënner Generalverdacht gestallt, ënnert dem Deckmantel vun der Bekämpfung vu Kannermëssbrauch. Déi Kriminell benotzen Déngschter, déi net géifen ënnert dëse Massenscan falen, fir hir Dot ze begoen. Doduerch ass dës Moossnam och nach komplett sënnfräi.

De Chaos Computer Club Lëtzebuerg wäert national ewéi och op EU-Niveau sech mat aneren Organisatiounen a Partner zesummendoen, fir dass dës Iddi net wäert duerchkommen. D’EU-Kommissioun muss hiren Entworf verwerfen an sech aner Weeër ausdenke wei ee ka géint Kannermëssbrauch virgoen. Kanner schützt een net, andeems een eng digital Iwwerwaachung skultur schaaft.

Eng Chatkontroll ass als fundamental feelgeleeten Technologie, grondsätzlech mat aller Vehemenz, ofzeleenen.

* matgedeelt vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg

Dernières nouvelles